Dat neit Stagegesetz ass elo a Kraaft, mä wat heescht dat elo fir dech?

 

Wéi d’ACEL op der REEL zu Köln/Bonn dem deemolegen Aarbechtsminister Nicolas Schmit proposéiert huet ee Stagegesetz auszeschaffen ass eng Rees vu bal 3 Joer lass gaangen, déi Ufank Juni 2020 mat dem Akraafttireden vum “Stagegesetz” een Enn fonnt huet.

Am Kader vum dem neien Héichschoulgesetz 2023 koum et dunn zu enger éischter Upassung.

 

Wat heescht dat genau?

Ma fir d’alleréischt gëtt et ee juristesche Kader fir d’Stageverhältnis tëscht Stagiaire a Patron.

 

Wéi eng Zorte vu Stagen ginn et?

Ënnerscheed gëtt am Gesetz tëschent  zwou Kategorien, nämlech konventionéiert Stagen (stages conventionnés) déi een am am Kader vu senger Formatioun muss maachen a praktesch Stagen (stages pratiques) déi ee fräiwëlleg mécht.

 

Stagekonventioun

Eng wieder Neierung, ass d’Aféiere vun enger Stagekonventioun (convention de stage). Dëst Dokument ass obligatoresch vir Stagen déi zu Lëtzebuerg duerchgefouert ginn. Bei de Stagen déi am Kader vun enger Formatioun gemaach ginn (Stages Conventionnés), muss dëst Dokument vum Patron, vum Stagiaire a vun der Uni/Héichschoul ënnerschriwwe ginn. Fir praktesch Stagen, muss natierlech just d’Ënnerschrëft vum Patron a vum Stagiaire op dësem Dokument sinn.

Wat muss an dëser Konventioun drastoen?

  1. D’Aktivitéiten déi de Stagiaire muss duerchféieren
  2. Den Ufank an Enddatum vum Stage, esou wéi déi maximal wöchentlech Dauer u Stonne wou de Stagiaire muss op der Platz sinn
  3. Enner wéi enge Modalitéiten de Stagiaire dierf feelen
  4. D’Indemnisatioun vum Stagiaire
  5. D’Designatioun vun engem Tuteur
  6. D’Virdeeler vun deenen en Stagiaire ka bénéficieiren
  7. Vun wéi enge Sozialversécherungen de Stagiaire wärend sengem Stage gedeckt ass, ënnert anerem wat d’Assurance géint Accidenter betrëfft
  8. D’Modalitéite vir de Kontrakt virum regulären Enn vum Stage kënnen ze kënnegen 

Hei ass eng Stagekonventioun fir praktesch Stagen, déi vun der Chambre de Salarièrs ausgeschafft gouf. Dës kann, erofgeluede ginn a mat konkreten Donnéeën ergänzt ginn.

 

Bezuelung

An dësem  Kader gi wichteg Punkte per Gesetz gekläert, sou wéi zum Beispill d’Bezuelung vu Student*Inne wärend hirem Stage.

Hei gëtt zwëschend obligatoreschen a fakultative (praktesche) Stagë ennerscheed.

 

Obligatoresch Stagë vun der Universitéit oder Héichschoul mussen ab enger Dauer vu 4 Woche mat 30% vum Mindestloun remuneréiert ginn.

Praktesch Stagen ab enger Dauer vu 4 Woche bis 3 Méint gi mat 40% vum Mindestloun bezuelt

Praktesch Stagë mat méi wéi 3 Méint gi mat 75% vum Mindestloun bezuelt.

 

Praktesch Stagen dierfe maximal eng Dauer vu 6 Méint beim nämmlechte Patron hunn.
Zousätzlech gi Stage, déi innerhalb vun engem akademesche Joer beim selwechte Patron stattfannen, esou bezuelt wéi wann se ee ganz wieren. Dat heescht konkret, dass wann een en zweete Stage mëscht, ee réckwierkend muss fir den éischten entlount ginn.

 

Op wat bezitt sech des Indemnisatioun?  

D’Indemnisatioun, bezitt sech op de Mindestloun (S.S.M) deen zum Moment vum Stage festgeluecht ass.

Kréien ech méi eng héich Indemnisatioun wann ech en 1. Zyklus oofgeschloss hunn?

Jo, wann een nom erfollegräichen Ofschloss vun engem éischten Zyklus vun enger Héichschoul, en praktesche Stage mécht, gëtt als Referenz de Qualifizéierte Mindestloun geholl.

 

Net ganz kloer? Probéier eise Remuneratiounsrechner aus fir virgerechent ze kréien, wéi vills du ze gutt hues!

 

Meng Rechter als Stagiaire

All Stagiäre huet d’Recht op een Tuteur, deen de Stage betreit an och zum Schluss als Uspriech- an Integrationspartner an der Entreprise schafft. Ab engem Stage vu 4 Woche muss och ee Bilansgespréich gefouert ginn.

Orientatiounsstagen zwëschent Ofschloss am Secondaire an dem Ufank vun engem Bachelorstudium, oder zwëschent dem Bachelor- op de Masterstudium si méiglech, allerdéngs op maximal 6 Méint pro Joer limitéiert.

Stagen déi sech ëmmer rëm op een neits verlängere sinn duerch d’Gesetz verbueden.

Stagen no engem Master-Diplom sinn net méi méiglech, hei sollen d’Leit direkt ee CDD oder CDI vum Patron offréiert kréien.

 

WEE BETRËFFT DAT HEITEN GESETZ NET?

Formatiounen déi ënnert d’Gesetz vun der Formation professionnelle falen an Schnupperstagen aus der Schoul.

Den Integralen Text vum Gesetz fënns du hei:
https://legilux.public.lu/eli/etat/leg/code/travail/20230915#art_l_152-1