Skip to main content
InforméierenStudent fir 1 Dag

Virtuelle Student fir 1 Dag 2020

By April 19, 2020January 15th, 2021No Comments

Virtuelle Student fir 1 Dag 2020

Bedéngt duerch déi aktuelle Situatioun a Verbreedung vum Coronavirus/COVID-19 konnt de Student fir 1 Dag net an deen 22 Stied, déi dëst Joer um Programm stoungen, stattfannen.

Et ass eis awer wichteg, dass dir d’Chance huet iech ee Bild vun deene verschiddene Stied ze maachen, dowéinst loosse mir de Student fir 1 Dag virtuell stattfannen.

Dir hutt vum 27. Abrëll 2020 bis den 3. Mee 2020 esou wei den 9. Mee 2020 d’Méiglechkeet un deene verschiddenen Zoomkonferenzen/Videokonferenze vun deene verschiddene Cerclen aus deene verschiddene Stied deelzehuelen.
Hei hutt dir d’Méiglechkeet de Cercle, d’Stad esou wei déi verschidde Studiegäng déi op de verschiddenen Universitéiten ugebuede ginn, virgestallt ze kréien. Donieft hutt dir och d’Méiglechkeet är Froen un déi verschidde Studenten ze stellen an esou Informatiounen aus éischter Hand ze kréie wat d’Studenteliewen ugeet.


Du wëlls gäre studéiere goen, mee du weess nach net wat dech op der Uni erwaart? Du weess net wou s du wëlls studéiere goen a wéi eng Uni déi richteg fir dech ass? Dann sief och du Student fir 1 Dag a maach bei enger oder méi Videokonferenze mat organiséiert vun der ACEL zesumme mat senge Cerclen.

Alles wat s du dofir maache muss, ass dech fir déi Videokonferenz unzemellen un der s du wëlls deelhuelen. De Link fir d’Umeldung, fir déi jeeweileg Konferenz, fënns du an der Tabelle méi wäit ënnen. No denger Umeldung kriss vun eis de Link, fir dech an d’Videokonferenz eranzeschalten, per Mail geschéckt. Den Dag selwer muss du just nach pünktlech iwwert de Link un der Konferenz deelhuelen.

Donieft muss du dir och d’App Zoom op däi Computer eroflueden. Hei ass de Link fir den Download: https://zoom.us/download

Umelle kanns du dech bis 23h59 den Owend virun all Videokonferenz.

Sief och du Student fir 1 Dag a looss dir all deng Froe ronderëm Studenteliewen an d’Uni’en beäntwerten.

Folgend Videokonferenze stinn dëst Joer um Programm:

Datum Stad Auerzäit Un/Ofmellen bis den… Umeldung
27. Abrëll Freiburg 10h00 – 12h00 26.Abrëll (23h59 Auer) Link
27. Abrëll München 15h00 – 17h00 26.Abrëll (23h59 Auer) Link
27. Abrëll Oochen 17h00 – 19h00 26.Abrëll (23h59 Auer) Link
28. Abrëll Karlsruhe 10h00 – 12h00 27.Abrëll (23h59 Auer) Link
28. Abrëll Zürech 15h00 – 17h00 27.Abrëll (23h59 Auer) Link
28. Abrëll Heidelberg 17h00 – 19h00 27.Abrëll (23h59 Auer) Link
29. Abrëll Tréier 10h00 – 12h00 28.Abrëll (23h59 Auer) Link
29. Abrëll Innsbruck 15h00 – 17h00 28.Abrëll (23h59 Auer) Link
30. Abrëll Léck 10h00 – 12h00 29.Abrëll (23h59 Auer) Link
30. Abrëll Stroossbuerg 15h00 – 17h00 29.Abrëll (23h59 Auer) Link
30. Abrëll Saarbrécken 17h00 – 19h00 29.Abrëll (23h59 Auer) Link
01. Mee Bréissel 10h00 – 12h00 30.Abrëll (23h59 Auer) Link
01. Mee Wien 15h00 – 17h00 30.Abrëll (23h59 Auer) Link
01. Mee Fribourg 17h00 – 19h00 30.Abrëll (23h59 Auer) Link
o2. Mee Bonn 10h00 – 12h00 01.Mee (23h59 Auer) Link
02. Mee Berlin 15h00 – 17h00 01.Mee (23h59 Auer) Link
02. Mee Köln 17h00 – 19h00 01.Mee (23h59 Auer) Link
03. Mee Maastricht 15h00 – 17h00 02.Mee (23h59 Auer) Link
03. Mee Frankfurt 17h00 – 19h00 02.Mee (23h59 Auer) Link
09. Mee Nanzeg 10h00 – 12h00 08.Mee (23h59 Auer) Link
09. Mee Kaiserslautern 15h00 – 17h00 08.Mee (23h59 Auer) Link
FAQ – Frequently Asked Questions
1. Umeldung
1.1 Bis wéini kann ech mech umellen? 
Du kann s dech bis den Owend virun der Vidoekonferenz umellen. Déi genau Deadline fënns du an der Tabell hei uewendriwwer.
1.2 Wéini sinn ech definitiv ugemellt?

Eréischt wann s du vun eis de Link fir d’Zoomkonferenz per Mail geschéckt kritt hues bass du ugemellt. Du kriss also eng Bestätegung per Mail geschéckt, also pass bei denger Umeldung op dass deng Mail Adress richteg ass.

1.3 Kascht de Virtuelle Student fir 1 Dag eppes? 
De Virtuelle Student fir 1 Dag ass gratis.

1.4 Kann ech mech och fir puer Videokonferenzen umellen? 
Du kann s dech fir all déi Stied umellen déi dech interesséieren an och un deene Videokonferenzen deelhuelen.
1.5 Ech hunn Problemer bei der Umeldung: 
Bei Problemer bei der Umeldung kann s du dech zu all Moment ënnert email hidden; JavaScript is required un eis wenden.
2. Alter
2.1 Ech sinn net op enger 1ière, dierf ech awer deelhuelen? 
Jo, jiddereen de wëll dierf um Virtuelle Student fir 1 Dag deelhuelen. Du dierfs soumat och deelhuele wann s du nach net op 1ière bass oder d’1ère schonn hannert dir hues.
3. Ofmeldung
3.1 Bis wéini kann ech mech ofmellen? 
Du kann s dech bis den Owend virun all Videokonferenz ofmellen. Déi genau Deadline fënns du an der Tabell hei uewendriwwer. Ofmelle kann s du dech ganz einfach ënnert email hidden; JavaScript is required
4. Applikatioun Zoom

4.1 Wat ass dat fir eng Applikatioun?

De Virtuelle Student fir 1 Dag fënnt iwwert d’Applikatioun Zoom statt déi een sech aus dem Internet muss eroflueden. De Link fir den Download fënns du ënnert folgendem Link: https://zoom.us/download

4.2 Wou kréien ech de Link fir un der Videokonferenz deelzehuele fir déi ech mech ugemellt hunn? 
Du kriss de Link op deng E-Mail Adress geschéckt iwwert déi s du dech ugemellt hues. Pass bei der Umeldung op dass deng E-Mail Adress déi richteg ass.

4.3 Wat maachen ech wann ech kee Link geschéckt krut? 
Et kann eng Zäitchen dauere bis dass du de Link geschéckt kriss. Kuck och an dengem Spam no op eis Mail net dodra gaangen ass. Falls du no 24 Stonn keng Mail kritt hues, kann s du eis ënnert email hidden; JavaScript is required kontaktéieren.

4.5 Kascht mech déi Applikatioun eppes? 
Nee, dësen Download wei och d’Deelhuele mat dëser Applikatioun ass gratis.
4.6 Muss ech mech fir d’Benotze vun der Zoom App registréieren? 
Nee du muss dech net registréieren.
4.7 Falls ech d’App net erofgeluede kréien oder sos Problemer optauchen, wat muss ech da maachen? 
Mir roden dir, d’App am Viraus erofzelueden an dir dat ganzt eng kéier unzekucke fir dass den Dag selwer keng Problemer opkommen. Falls du awer Froen hues oder eppes net sollt klappe kann s du eis zu all Moment ënnert email hidden; JavaScript is required erreechen.
4.8 Wéi gesäit de Bildschierm op mengem Laptop oder Computer aus wann ech d’App erofgelueden hunn an un der Videokonferenz well deelhuelen? 
Sou gesäit de Bildschierm aus. Fir deelzehuele muss du op “Einem Meeting beitreten” drécken. Dann geet folgend Fënster op:

 

An d’Feld ” Meeting-ID oder Meeting-Raum-Name” muss du déi Nummer oder de Link aginn, de mir dir per Mail zoukomme loossen.

An d’Feld “Ihr Name” muss du dech mat dem Numm a Virnumm umellen dëns du och bei denger Umeldung uginn hues.

Bei de Felder “Nicht mit Audi verbinden” an “Mein Video ausschalten” ass et dir iwwerlooss op s du mat dengem Mikro an/oder Kamera wëlls deelhuelen oder net. Du kanns dat och duerno nach ännere wann s du bis op “Teilnehmen” geklickt hues.
4.9 Kennen och Leit um Virtuelle Student fir 1 Dag matmaachen déi sech net ugemellt hunn? 
Nee, et kenne just déi Leit matmaachen, déi sech iwwert eis Links, déi s du uewen an der Tabell fënns, ugemellt hunn.
4.10 Muss ech mat enger Kamera um Virtuelle Student fir 1 Dag deelhuelen? 
Nee, du muss keng Kamera umaachen, du kann s awer.
4.11 Muss ech mat engem Mikro um Virtuelle Student fir 1 Dag deelhuelen? 
Nee, du muss net mat engem Mikro deelhuelen. Du kann s awer, well et esou méi einfach ass deng Froen ze stellen.
4.12 Wann ech kee Mikro hunn, wei kann ech meng Froe stellen? 
An der App gëtt et zousätzlech eng Chatfënster déi s du benotze kann s wann s du Froen hues. Sou kann s du ganz einfach deng Froen un de Cercle stellen.
4.13 Brauch ech Lautsprecher fir um Virtuelle Student fir 1 Dag deelzehuelen? 
Jo, du brauchs ee Computer oder ee Laptop de mat Lautsprecher verbonnen ass oder dës schonn integréiert sinn.
5. Weider Froen
5.1 Wei laang dauert de Virtuelle Student fir 1 Dag? 
Pro Cercle hu mir ëmmer 2 Stonnen ageplangt et kann awer sinn dass d’Videokonferenze schonn éischter fäerdech sinn. Dat hänkt dovunner of wat d’Cerclen iech alles erkläere wëllen a wei vill Froen dir hutt.
5.2 Ween organiséiert de Virtuelle Student fir 1 Dag? 
De Virtuelle Student fir 1 Dag gëtt vun der ACEL an Zesummenaarbecht mat de Cerclen organiséiert.
Wärend de Videokonferenze si Vertrieder vun der ACEL dobäi ewéi och d’Studenten aus de jeeweilege Stied.