Skip to main content
ArtikelenCOVID19InstagramRepresentéieren

Areesbeschränkungen wéinst COVID-19

By September 19, 2020August 11th, 2021No Comments

Lëtzebuerg

Säit dem 29. Januar 2021 muss jiddereen deen aus dem Ausland mam Fliger a Lëtzebuerg areest en negativen Test virweise kënnen, deen net méi al wéi 72 Stonnen ass. Dovun ausgeholl si Leit, déi vollstänneg geimpft oder genesen sinn. Dës Mesure zielt och fir d’Studenten. Wann ee awer mam Auto oder Zuch a Lëtzebuerg areest, brauch ee keen Test ze maachen.


Frankräich

Fir a Frankräich anzereesen brauch een entweder eng vollstänneg Impfung, en Zertifikat, dee beleet, dass ee genesen ass oder en negativen PCR-Test, deen net méi al wéi 72 Stonnen ass. Dovun ausgeholl si Leit, déi an der Grenzregioun wunnen (an engem Rayon vun 30km) a fir manner wéi 24 Stonnen a Frankräich areesen.


Éisträich

Säit dem 19. Mee 2021 muss een net méi a Quarantän wann een aus Lëtzebuerg an Éisträich areest. Allerdéngs brauch een en negtiven Test oder et muss een eng Genesung oder Impfung noweise kënnen. Et besteet och d’Méiglechkeet spéitstens 24 Stonnen no der Arees a PCR Test an Éisträich  ze maachen.

All d’Informatiounen fann dir hei: https://www.austria.info/de/service-und-fakten/coronavirus-situation-in-oesterreich/einreise-nach-oesterreich


Däitschland 

Säit dem 01. August 2021 gëtt eng allgemeng Testflicht fir Leit, déi aus dem Ausland an Däitschland areesen, och wann ee mam Zuch oder Auto areest. Ausgeholl si Leit, déi vollstänneg geimpft sinn oder kënne beleeën, dass si genese sinn.


Holland

Säit dem 10. Juni 2021 musse Leit déi aus Lëtzebuerg an Holland areese keen negative PCR-Test méi virweise kënnen a si mussen och net méi a Quarantän.


Belsch

Lëtzebuerg ass an der Belsch rout agestuuft. Leit déi aus Lëtzebuerg areesen, brauchen deemno ee vun den 3 G’en fir kennen anzereesen. Dat ass entweder geimpft, eng Infektioun an de lëschte 6 Méint oder ee PCR-Test dee manner wéi 72 Stonnen al ass.
Persounen déi sech méi laang ewéi 48h Stonnen an d’Belsch ophalen, mussen awer weiderhin dëse Formulaire ausfëllen: https://travel.info-coronavirus.be/fr


Schwäiz

Säit dem 26. Juni 2021 musse Leit déi aus Lëtzebuerg an d’Schwäiz areesen net méi a Quarantän, well Lëtzebuerg net méi als Risikogebitt ugesi gëtt. Wann ee mam Auto areest, brauch ee keen Test an et muss een och keen Einreiseformular ausfëllen. Wann ee mam Fliger areest muss een en negativen PCR-Test virweise kënnen, ausser wann ee geimpft oder genesen ass an dat noweise kann.
Och just wann ee mam Fliger areest, muss ee weiderhin den Einreiseformular ausfëllen, egal op geimpft oder net.
All d’Informatiounen fënns du hei: https://www.bag.admin.ch/einreise


England

All Student deen an England areest muss bis spéitstens 48 Stonnen no der Arrivée d’ passenger locator form ausgefëllt hunn. Vum 2. August 2021 un, muss jiddereen deen an England areest a 14 Deeg viru senger Arrivée komplett geimpft ass net méi a Quarantän. Weiderhin brauch een awer nach ee PCR-Test net méi al ewéi 3 Deeg virum Depart an ee weideren um 2. Dag no der Arrivée an England.
Wann s du nach net fäerdeg geimpft bass, muss och du ee PCR-Test virweise kënnen dee bei der Arrivée net méi al ewéi 3 Deeg ass an du muss ee weideren PCR an den 48 Stonnen dono maachen. 10 Deeg laang muss du doheem a Quarantän bléiwen.
Méi Informatiounen dozou fann dir hei:
https://www.gov.uk/government/publications/coronavirus-covid-19-requirements-to-pr[…]ealth-information-for-passengers-travelling-to-england-regulati