Skip to main content
ArtikelenZesummebréngen

Regatta.lu – Segelen mat der ACEL

By December 15, 2022December 29th, 2022No Comments

Regatta.lu Sailing Students vum 27. August bis de 2. September 2023 an der Bretagne

ACELTrophy fir déi beschte Studente-Crew beim gréiste Lëtzebuerger Segel-Event.

Och 2023 ass d’ACEL nees offzielle Partner vu Regatta.lu an invitéiert all d’Studenten déi segele kënnen, oder et léiere wëllen, dobäi matzemaachen.

Regatta.lu - Wat ass dat?

Regatta.lu ass eng Course fir Segelbooter, bäi där een och ka matmaachen, wann ee wéineg oder guer keng Erfarung am Segelen huet. All Equipage besteet aus 4 oder 5 Studenten, déi op enger 10-m-Yacht zesumme mat engem Skipper an engem Co-Skipper vum GLCR un der Course deelhuelen an sou op eng aktiv a spannend Manéier segele léieren. 10 Booter si fir d’Studente reservéiert, sou dass tëscht 40 a 50 Studente kënne matmaachen.

Organiséiert gëtt Regatta.lu vum gréisste Lëtzebuerger Segelclub GLCR (Groupe Luxembourgeois de Croisière et de Régate), an Zesummenaarbecht mat der Segelfederatioun FLV an dem Service National de la Jeunesse (SNJ).

Wéi leeft dat of?

Den Event start méindes moies, den 28. August zu Port-Haliguen bei Quiberon an der Bretagne. No enger kuerzer Aweisung fueren d’Equipagen fir den éischten Training op d’Waasser eraus. Vun dënschdes bis freides ass dann Training a Competitioun an der Baie de Quiberon. Iwwernuecht gëtt op de Booter, an d’Iessen ass zum Deel op de Booter, an zum Deel u Land. Dënschdes owes ass eng Beach Party mat Barbecue an DJ virgesinn, a Freides owes, den 1. September, ass d’Ofschloss-Feier mat der Präisverdeelung an engem typesche bretonesche Restaurant.

Wéi komme mir an d’Bretagne?

D’Studente kënnen hir Rees selwer organiséieren, entweder mat Privat-Autoen oder mam TGV. Iwwert d’ACEL oder äre Studentecercle kënnt der och e Covoiturage organiséieren. Eis Booter leien vu Sonndes Nomëttes, dem 27. August un am Hafen zu Port-Haliguen, sou dass een ab 17h00 anchecken an déi éischt Nuecht u Bord verbrénge kann. Och den 1. September sinn nach Booter disponibel fir drop ze schlofen, an da samschdes vun La-Trinité-sur-Mer aus d’Heemrees unzetrieden. Eng Navette gëtt organiséiert, fir d’Autoen déi zu Port-Haliguen stinn, sichen ze goen.

D’Aschreiwunge sinn elo op!

D’Participatioun u Regatta.lu Sailing Students kascht 670 € pro Persoun. An deem Präis ass alles dran : d’Locatioun vun de Segelyachten, d’Iesse vun der ganzer Woch (u Bord, op der Beach Party an am Restaurant), d’Hafegebühren asw. D’Organisatioun an den Encadrement gëtt komplett vu Benevolle gemaach.

D’Aschreiwunge lafen exklusiv iwwert de Site www.regatta.lu. Do fënnt een och vill weider Informatiounen iwwert den Event. D’Umeldunge kënnen individuell oder als kompletten Equipage vu 4 oder 5 Leit gemaach ginn. Et kënnen Equipage mat nëmme Studentinnen a Studente vun enger Uni oder aus enger Stad gebilt ginn, mee och gemëschten Equipagen si kee Problem.

D’Zuel vun de Booter ass limitéiert, dofir sollt dir är Umeldung sou séier wéi méiglech maachen. Studenten, déi sech elo mellen a wéinst Examen während der Regatta-Woch erëm mussen ofsoen, ginn ouni Problem rembourséiert.

Méi Informatiounen?

Eng online Informatiounsversammlung fir all interesséiert Studenten ass de 14. Dezember 2022 um 21h00 iwwer Zoom. Dat ass d’Geleeënheet, fir alles iwwert Regatta.lu gewuer ze ginn, wat der nach net wësst, a vläicht och aner Studenten virtuell ze treffen, fir zesummen en Equipage ze bilden. De Zoom-Link fir déi Versammlung fannt der um Site regatta.lu.

Eng Reunioun mat alle Participanten ass dann fir de Mëttwoch 5. Juli 2023 um 18h30 am Lycée Josy Barthel zu Mamer geplangt. Ausserdem huelen virum Event och ären Skipper a Co-Skipper mat Iech Kontakt op. Dir kënnt si dann treffen fir se kennen ze léieren, a wann néideg weider Informatiounen ze kréien.

Éléments clés de Regatta.lu – Sailing Students 2023

  • Dates : du 27 août au 2 septembre 2022
  • Lieu : Bretagne – Baie de Quiberon
  • Participants : chaque équipage sera composé de 4 ou 5 étudiants,
    d’un skipper et d’un co-skipper
  • Organisateurs : FLV, GLCR, SNJ
  • Informations et inscriptions : www.regatta.lu