Aide financière

03.03.2014 00:00

Aide financière

Wei der bestëmmt alleguerten matkrut, gouf dësen Freiden den neien avant-Projet de Loi iwwert d’Studiebäihëllefen fiergestallt. Fier déi déi nach net matkruten wat sech alles ännert, hei en klengen Resumé.

Prêt

Den Montant vum Prêt bleift onverännert bei 6500 Euro d’Joer. Och den Zenssaatz bleift onverännert bei maximal 2%.

Bourse

Am neien Projet de Loi gëtt d’Bourse an 3 Pilieren gestaffelt:

2000 Euro Bourse de Base

Vun der Bourse de Base kann jiddereen profitéieren deen op enger Uni ageschriwwen ass.

2000 Euro Bourse de Mobilité

Fier vun dëser Tranche ze profitéieren muss den Student an engem aneren Land studéieren wei dat an deem den Stot (“Ménage”) zu deem en gehéiert wunnt. En Student deem seng Elteren zu Esch wunnen an deen op Oochen studéieren geet kann sech op des Hëllef verloossen.

bis zu 2500 Euro Bourse sociale

Den Montant vun der leschter Tranche hänkt fir all Student vum Akommen vun sengem Stot of. Bei engem Akommen deen dem onqualifizeierten Mindestloun entsprécht kritt den Student déi voll 2500 Euro, bei engem Akommen vun méi wei 4,5 mol den onqualifizeierten Mindestloun näischt méi.

Ze erwähnen ass och nach datt d’Aschreiwungsfraisen bis zu engem Montant vun 3700 Euro weiderhin zur Halschent als Prêt an zur Halschent als Bourse iwwerholl ginn. Ausserdeem kann en Montant vun der Bourse an Ausnamefäll em 1000 Euro geheischt ginn.

Wat bedeit dësen Projet elo konkret?

Fir den Projet ze verstoen muss een am Hannerkapp behalen wei et zu deem Projet koum, nämlech duerch eng Veruerteelung vun Lëtzebuerg vum Europäeschen Geriichtshaff. Den Europäeschen Geriichtshaff ass nämlech der Meenung datt no europäeschem Recht d’Frontalieren déi hei op Lëtzebuerg schaffen kommen och en Rescht op d’Aide financière hunn. Den alen System war ausgeweit op d’Frontalieren leider net méi ze droen an esou huet des Decisioun eng Reform néideg gemaach.
Den aktuellen Projet gouf also etabléiert fir engersäits ze spueren an anerersäits fir en System ze hunn deen conforme mam europäeschen Recht ass.
D’Spuermoossnamen sinn wei dier sécher schonn selwer gemierkt hutt an der Mobilitéits an Sozial Bourse “verstoppt”.

D’ACEL bedauert dass de Montant fir vill Leit erof geet, trotzdem ass et gutt dass de Montant d’Studéieren nach erméiglecht. Mir bedaueren och dass e Student deen zwar op der Uni.lu bleift an awer onofhängeg vun den Elteren wunnt net vun er Mobilitéitsproblem profitéiert. Ausserdeem stellt eiser Meenung no d’Sozialbourse eng Aschränkung vun der Autonomie vum Student duer.

Neiegkeeten vu Studenten fir Studenten

Abonnéier den ACEL Newsletter. Du kanns dech zu all Moment ausdroen.



Mat klick op "Fäerdeg" bestätegs du, dass du mat eisen Datenschutzerklärungen averstanen bass an mir dir Mailen schécken dierfen bis du dech erëm vum Newsletter ofmells.