News zur Aide financière

11.05.2014 17:10

News zur Aide financière

Mir hunn eis mat verschiddene Fraktioune getraff fir hinnen eis Fuerderungen ze erklären, mam Ziel dass si dono eis Meenung an der Chamber vertrieden, an eis esou hëllefen eis Fuerderungen duerch ze bréngen.

Mir waren an der läscht relativ aktiv am Dossier Aide-Financière, dofir op dëser Plaz e klenge Rapport vun dem wat mir an Zwëschenzäit gemaach hunn:

Entrevue mat Déi Gréng

Mir hunn eis mam Claude Adam a mam Dan Michels getraff déi eis Fuerderungen duerchaus fir duerchsetzbar halen. Als Partei déi an der Regierungskoalitioun ass sinn si an hirem Handelen awer ageschränkt. De Claude Adam huet eis trotzdem gesot dass hien eis Fuerderungen fir ganz raisonnabel hält an dofir och esou kéint ënnerschreiwen.

Entrevue mat der CSV

Eis Entrevue bei der CSV war ganz informativ, mat der Mme Hansen hu mir d’läscht Joer schonn un deem heiten Dossier geschafft. Sie konnt eis op eng Rei Problemer opmierksam maachen déi si an dem Projet fonnt huet. D’Diskussiounen hunn sech virun allem ëm d’Richtegkeet vun der fiche financière an den Anti-cumul gedréit, op deen si jo och am face à face mam Här Meisch agaangen ass.

Entrevue mam ADR

Beim ADR huet sech d’Entrevue virun allem ëm d’Konditioune fir d’Mobiliteitsbourse gedréit. Eis Fuerderungen sinn awer och op oppen Ouere getraff an den Här Gibéryen huet eis seng Ënnerstëtzung fir eis Proposen ausgeschwat, wat een och an hirem Communiqué ka liesen: http://www.adr.lu/

Entrevue mat der DP

D’DP Fraktioun war gläich zu 6 Leit präsent, dorënner de Fraktiounspresident Eugène Berger, d’Kommissiounspresidentin Simone Beissel an d’Deputéierten André Bauler, Lex Delles a Max Hahn. Dës Entrevue war vun der Zort hier éischter mat engem Treffe mam Här Meisch ze vergläichen well op eis Proposen hin direkt d’Ëmsetzbarkeet diskutéiert ginn ass. Eist Virgoen ass awer vum Här Bauler als ganz konstruktiv gelueft ginn a mir krute verséchert dass eis Proposen wäerte mat an d’Gespréicher an der Komissioun afléissen.

Entrevue mat der LSAP

Bei eisem Treffe mat der LSAP Fraktioun waren de Parteipresident Claude Hagen, sou wéi d’Deputéierten Taina Bofferding, Tess Burton a Franz Fayot derbäi. Si hunn eis Virschléi interesséiert no gelauschtert, dono ass driwwer diskutéiert ginn a mir hunn Onkloerheete beschwat. Mir kruten och verséchert dass eis Virschléi souwuel an déi hausintern Discussiounen wéi och an d’Disussiounen an der Chamber wäerten afléissen, wéi een et och kann an hirem Communiqué no liesen: http://www.lsap.lu/

Treffe mam Streikcomité

Mir haten och en Treffe mam Streikcomité, den sech elo Aktiounscomité nennt. Hei ass et virun allem em dat weidert Virgoe gaang an dorëms op a wéi mer kënnen e gemeinsame Wee aschloen. D’Versammlung huet ongeféier 2h30 gedauert well mer eng Rei Ideologesch Differenzen hunn an de Problem op komplett aner Methode wëllen ugoen. Dat ganzt ass an der Haaptsaach drop zréck ze féieren dass mir un eiser politescher Neutralitéit fest halen. Et war awer wichteg eis mat hinnen aus ze tauschen a mir hunn eis drop gëeenegt dass mer weider am Kontakt bleiwen fir zesummen en ëffentlechen Debat mam Här Meisch ze organiséieren.
Aus dem Communiqué vum Streikcomité (http://www.streik.lu/) kéint ee fälschlecherweis eraus liesen dass mir d’Gespréicher mam Här Meisch als “Finte” empfannen. Dat hu mir net behaapt a mir sinn och net där Meenung.

Politesch Neutralitéit

Wat heescht iwwerhaapt “Politesch Neutral” a firwat ass et eis esou wichteg dat ze sinn? Politesch neutral sinn heescht onofhängeg vu politesche Parteie sinn. Eis Neutralitéit ass extrem wichteg well mir eisem Usproch, all d’Studenten ze representéieren, wëlle gerecht ginn. Vill Studente si politesch motivéiert oder schwätzen sech kloer fir eng Partei aus. Doduerch dass mir keng Parteipolitesch Richtung aschloen kënne mir all d’Studente representéieren.

Neiegkeeten vu Studenten fir Studenten

Abonnéier den ACEL Newsletter. Du kanns dech zu all Moment ausdroen.



Mat klick op "Fäerdeg" bestätegs du, dass du mat eisen Datenschutzerklärungen averstanen bass an mir dir Mailen schécken dierfen bis du dech erëm vum Newsletter ofmells.