Sief et als Lycéesschüler, Unistudent oder Absolvent vun enger anerer Schoul, den Guide gëtt en Abléck an d’Méiglechkeeten, déi een nom Ofschloss huet. Esou gëtt zum Beispill de lëtzebuerger Rentesystem erklärt, et ginn praktesch Tipps wei een seng Bewerbung gestalten kann oder wou een Hëllef fir en Doktorat kritt an och d’Sécurité sociale ass nom Liese vum Guide kee Geheimniss mei. Am Guide du Futur Diplômé 2014 ginn et natierlech erëm eng Rei Neiegkeeten: Individuum gëtt Rotschléi wei een sech als Student am beschte verkeeft fir eng Platz ze fannen an verschidde Beruffer ginn erklärt. Och nach nei ass d’Date de mise à jour. Der kennt also genau nokucken wéini deen Artikel, deen der grad liest fir d’lescht geupdatet gouf.
De Guide du Futur Diplômé ass deemno Flichtlektür fir jidder Jonken deen de Start an d’Beruffsliewe wot. Bei weider Froen, kënnt der iech und e contact@acel.lu wenden. Vill Spaass beim Liesen vum neie Guide du Futur Diplômé.
Dir kennt ärt drockfrëscht Exemplar beim CEDIES op der Escher Strooss an der Staad, an enger Reih Lycéen, diversen Informatiouns , suwi a sämtlechen Agencen vun der Spuerkees kréién.