Positioun vun der ACEL am Thema Aide Financière

30.06.2014 16:06

Positioun vun der ACEL am Thema Aide Financière

D’ACEL huet haut op eng Pressekonferenz agelueden, wu se enner anerem di aktuell Positioun zu den Amendementer vum Projet de Loi 6670 présentéiert hun. Gemeinsam mat den Cerclen di um läschten ACEL meets Prési vertruede waren hun mer desen Pressecommuniqué zesummegestallt.

Aleedung

Den 20. Juni 2013 gouf dat aalt Gesetz vun der Aide Financière duerch den Europäesche Geriichtshaff (Arrêt C20/12) gekippt. Doduerch huet missen en neie Gesetzprojet ausgeschafft ginn. Nodeems d’ACEL sech mat der deemoleger Ministesch Martine Hansen a mam aktuelle Minister Claude Meisch getraff huet, ass dëse Gesetzprojet vun der neier Regierung virgestallt an am Mäerz deposéiert ginn.

De Projet de Loi 6670 (PdL 6670) definéiert d’Modalitéite fir d’Ausbezuele vun der Studiebäihëllef. Dëst ass eng Ënnerstëtzung déi et zukënftegen an aktuelle Studenten erméigleche soll studéiere ze goen. D’Zil vun deem Gesetz ass et laut dem Minister Meisch ee gerechten an onofhängegen Zougank zur Héichschoulbildung ze garantéieren ënner Berécksichtegung vum sozioeconomeschen Hannergrond vum Student. D’ACEL weist an dësem Kontext doropper hin, datt d’Aide Financière just am Zesummenhang mat den Ausgaben déi an direktem Zesummenhang mam Studium stinn – wéi z.B. Studiengebühren, Käschte fir Coursen a Material, Loyer a Liewenskäschte – ze gesinn ass.
E weidert Haaptuleies vum neie Gesetzprojet ass, laut Ministère, d’Agrenzung vun der Käschtenexplosioun déi d’Uerteel vum Europäesche Geriichtshaff (Arrêt C20/12) mat sech bruecht huet. Et handelt sech am aktuelle Fall also trotz de Virsätz ëm eng Mesure fir Käschten anzespueren. Trotzdem verkennt ACEL d’Realitéit net. De Comité a seng Membere sinn sech bewosst, datt dëst Gesetz och an der Zukunft ee Studium erméigleche soll, ouni datt spéider Studentegeneratiounen duerch iwwerzunne Fuerderunge vun haut belaascht
ginn. Domadder iwwerhëlt de Studentevertrieder seng Responsabilitéit vis-à-vis vun der Gesellschaft a kommende Generatiounen. Trotzdem ass et wichteg, datt d’Studenten net déi eenzeg sinn déi d’Laascht vun de Spuermesuren droe sollen. An deem Sënn wäert d’ACEL d’Weiderentwécklung vun de Spuermesuren intensiv verfollegen.

Am Verlaf vun dësem Projet huet den ACEL Comité sech zweemol (29.03 a 14.06.) op engem “ACEL meets Presi” (AMP) a méi direkter Aart a Weis mat senge Memberen ausgetosch. Den AMP soll den Unhänger d’Méiglechkeet ginn sech während engem Treffen direkt un de Comité ze wenden. Deene Cerclen, déi kee Vertrieder kënne schécken, gëtt och d’Méiglechkeet gebueden hir Meenung am Virfeld anzereechen.

Um éischten AMP vum 23. Mäerz goung et ë.a. dorëms iwwert eng Participatioun um Streik ze diskutéieren a konstruktiv Verbesserungsvirschléi auszeschaffen. D’Resultat kann een am Pressecommuniqué vum 02. Abrëll noliesen. Den zweeten AMP vum 14. Juni hat zum Zil d’Memberen am Detail iwwert den amendéierte Gesetzestext opzeklären an iwwert d’Fortschrëtter am Dossier ze beriichten.

Schlussendlech erklärt sech d’ACEL mam amendéierte Gesetzprojet vum 20. Juni am Groussen a Ganzen averstanen, och wa weidere Verbesserungsbedarf besteet, deen am Verlaf vun dësem Communiqué ausgeféiert gëtt. An deem Sënn verléisst den ACEL-Comité sech och op d’Ausso vum Minister, datt entspriechend Étudë schnellst méiglech an Ugrëff geholl ginn. Un éischter Plaz steet hei eng fundéiert a professionell Ëmfro bei zukënftegen, aktuellen a fréiere Studenten, fir eng zouverlässeg Basis vun de Besoine kënnen opzebauen.
D’ACEL erkläert an dëser Hisiicht nach eng Kéier hir Bereetschaft de Ministère bei dësen Demarchen z’ënnerstëtzen.

Amendementer

Op dëser Plaz wëlle mer kuerz op d’Amendementer agoen, déi ë.a. an Zesummenaarbecht mat der ACEL an de Gesetzestext agefloss sinn. Déi Studenten, déi kee Recht op de volle Montant vun der sozialer Bourse hunn, kréien d’Méiglechkeet d’Differenz als Prêt ze huelen (Art. 4. an Art. 5.).

Mir si frou, dass dëse Virschlag zréckbehale ginn ass. Engersäits ass et extrem wichteg dass déi Studenten déi amgaang si mat studéieren och an Zukunft kënne vum nämmlechte Montant profitéieren, fir Situatiounen ze vermeide wou ee säi Studium ofbriechen oder d’Wunneng op Grond vun der Reform wiessele misst. Dozou sief awer och nach gesot, dass doduerch deen Deel vun den Hëllefen déi a Form vu Prêt ausbezuelt gi méi grouss gëtt. Dëst tellt eng zousätzlech Belaaschtung fir de Student am Ufank vu senger professioneller
Carrière duer. Weiderhin ass ze begréissen, datt déi sozial Bourse méi enk gestaffelt gouf an
datt elo de “Revenu imposable” (definéiert am Art. 7. vum Gesetz zur Gehaltsbesteierung vum Dezember 1967) als Bezugspunkt geholl gëtt. An der ACEL hiren Aen ass dëst nëmme konsequent, well et sech heibäi ëm dee Montant handelt, deen enger Famill reell zur Verfügung steet. Unzuel vun de Kanner am Stot (Art. 4.) Eng vun eise Fuerderunge war déi Sozial Critère méi genau ze kucken an sech net just op de Revenu ze beschränken. Dass elo d’Unzuel vun de Kanner an engem Menage déi studéiere gekuckt gëtt ass eiser Meenung no e Schrëtt an déi richteg Richtung. Allerdings ginn hei just déi Kanner gekuckt, déi studéieren an och nëmmen an deem Fall, wou all d’Studenten aus deem Stot vun enger Studiebäihëllef profitéieren.

Weiderhin ass ze begréissen datt de Stot (“ménage dont l’étudiant fait partie”) a senger Ausleeung (z.B. Patchwork-Famillen) den haitege Gegebenheete Rechnung dréit. Dat Joer wat een am Bachelor (Cycle inférieur) méi zegutt huet gëtt engem am Master (Cycle supérieur) gutt geschriwwen, wann een de Bachelor an der Regelstudienzäit gepackt huet (Art. 7.) Ons ass et wichteg, dass dëst zousätzlecht Joer engem Student, den et am Bachelor net gebraucht huet, am Master zur Verfügung steet. Dëst zousätzlecht Joer gëtt oft genotzt fir e Projet op der Uni ze maachen oder fir en Auslandssemester, wat oft mat enger verlängerter Studiendauer zesummen hänkt. Aus dem Grond hu mir dës Ännerung virgeschloen an dofir begréisse mir och d’Ëmsetzung dovun.

Trotzdem wier et begréissenswäert, wann dem Student a béide Cyclen een Zousazjoer zur Verfügung stoe géing. Dëst wier an éischter Hisiicht fir engagéiert Studente wichteg. Et dierf och doropper higewise ginn, datt et sech bei der Regelstudienzäit a ville Fäll eigentlech ëm d’Mindeststudienzäit handelt, woumadder d’Engagement ausserhalb vum eegene Studium erschwéiert gëtt.

Schaffe während dem Studium (Art. 11.) D’ACEL begréisst, datt de Mindestverdingscht, deen een ouni Aschnëtter an de Studiebäihëllefe ka verdénge vun 0,5 op 1 x de Mindestloun (aktuell 1921,08 €/Mount) eropgesat gouf. Hei ass et nëmme konsequent, datt wann ee vun de Studenten en Eegebäitrag zu hirem Ënnerhalt verlaangt, dësen net dierf penaliséieren.

Weider Fuerderungen

Basisbourse

E weidere Punkt dee mir verlaangt hunn, deen awer leider net zréck behale gouf, ass d’Eropsetze vun der Basisbourse. De Montant vum reforméierte Kannergeld wier an eisen Aen eng sënnvoll Léisung gewiescht. Eis ass awer bewosst dass dëse Montant nach net fixéiert ass, dofir hu mir eng Basisbourse vun 2500€ virgeschloen. Amplaz vun der Basisbourse ass dofir déi sozial Bourse ugepasst ginn.

Méi Studentewunnenge fir Studenten op der Uni Lëtzebuerg D’ACEL freet sech ze héieren, dass konkret Projet’en fir de Bau vun neie Studentewunnenge lafen. Den Här Meisch huet eis en Dokument geschéckt an dem d’Realisatioun vun 833 neie Logementer fir Studente bis 2017 festgehalen ass. Dëst Uleies hate mir am Kader vun der Mobilitéitsbourse ugeschwat, déi engem Résident zu Lëtzebuerg net zur Verfügung steet, wann en am Inland studéiert. Et ass trotzdem wichteg, dass dës Wunnenge fir Studente bezuelbar bleiwen an dass nach weider Projete geplangt ginn.

Commission consultative

An der Härtefall-Kommissioun sollen och d’Studentevertrieder Fäll mat eranhuele kënnen. Et ass méi einfach fir Studenten, déi an enger exzeptioneller Situatioun sinn, sech un aner Studenten ze wennen an do hire Fall z’erklären, wéi an engem Schreiwes un eng Kommissioun. Et geet hei also an éischter Linn dorëmmer de bedürftege Studenten eng Stäip unzebidden. Datt een Usproch op eng zousätzlech Hëllef besteet misste besser kommunizéiert ginn (Bsp: Hiweis um Formulaire). Weiderhi solle sämtlech Fäll an der Kommissioun dokumentéiert ginn, fir bei entspriechendem Besoin d’Legislatur unzepassen.

Gesetzlech verankert Studentevertriedung

Um PdL 6670 huet sech exemplaresch gewisen, datt d’Studenten net all mat enger Stëmm geschwat hunn. An et dierf een sech déi legitim Fro stellen, op déi lëtzebuergesch Studentelandschaft sech esou eppes leeschte kann. An deem Sënn fuerdert d’ACEL säit geraumer Zäit sech, zumindest, Gedanken iwwert d’Schafe vun enger gesetzlech verankerter Studentevertriedung ze maachen, déi mat wäitgehender Autonomie (Selbstverwaltung, …) a Rechter (Oofschléisse vu Verträg, Krankekeess, etc) ausgestatt ass. Dëst géing et engersäits de Studenten erliichtere mat enger Stëmm opzetrieden, well Differenzen am Virfeld ausdiskutéiert ginn. Zum anere géing dem Minister fir Héichschoulbildung e präzisen Uspriechpartner zur Verfügung stoen. Mir sinn an dësem Fall frou festzestellen, datt eise Message och beim Ministère ukomm ass an op oppen Ouere stéisst. Och hei stellt d’ACEL sech gären zur Verfügung fir matzeschaffen an hir Erfahrung mat afléissen ze loossen.

Kommentarer

De Prêt als Bestanddeel vun der Bourse

Fir d’ACEL ass och de Prêt en integrale Bestanddeel vun der Studiebäihëllef deen derzou bäidréit dass ee ka studéiere goen. Hei sollten sech allerdéngs Méiglechkeeten iwwerluecht ginn, fir de Prêt z.B. vu staatlecher Säit ze verginn an op een Zënssaz eventuell komplett ze verzichten. D’Verscholdung vum Student, an domat d’Gefor vun engem private Geldinstitut ofhängeg ze ginn ass zu Lëtzebuerg zwar nach net esou problematesch ewéi an anere Länner, trotzdem sollten sech hei Gedanke gemaach gi fir eventuell zukünfteg Problemer
virzebeugen.

Ofschloss

Déi läscht Amendementer déi vun der Regierung gemaach gi si begréisse mir integral. Virun allem dass de “Revenu imposable” gekuckt gëtt fir déi sozial Bourse an dass de Student per Niewenjob bis 1x de Mindestloun ka verdéngen, sinn an eisen Ae gutt Ännerungen.
Et ass ee Beweis dofir, datt sech d’Dialogbereetschaft an déi konstruktiv Kritik vun der ACEL och an dësem Fall nees bewäert hunn. Mir kruten d’Méiglechkeet eis un der Entwécklung vum Gesetzprojet ze bedeelegen, an eis Virschléi sinn och an de Gesetzprojet mat agefloss, wéi ee ka gesinn wann een den Amendéierten Text mat eise Fuerderunge vum 02 Abrëll vergläicht. Den Här Meisch huet eis zougeséchert, dass nodeems d’Gesetz gestëmmt ass, mat der ACEL zesummen eng Étude ausgeschafft wäert ginn fir déi reell Situatioun vun de Studente fest ze stellen. Et leien de Moment keng Donnéeën iwwer d’Besoine vum Student fir, dat soll mat dëser Etude geännert ginn. Wann sech da sollt eraus stellen, dass d’Reform de Besoinen net gerecht gëtt, kann op Basis vun zouverlässegen Donnéeën d’Gesetz iwwerschafft ginn. Mir wäerten natierlech derhannert bleiwe fir dass dëst och esou ëmgesat gëtt.

Zum Schluss dann och schon di éischt Resonanz aus de Medien:

Neiegkeeten vu Studenten fir Studenten

Abonnéier den ACEL Newsletter. Du kanns dech zu all Moment ausdroen.



Mat klick op "Fäerdeg" bestätegs du, dass du mat eisen Datenschutzerklärungen averstanen bass an mir dir Mailen schécken dierfen bis du dech erëm vum Newsletter ofmells.