Offiziell Emfroo zu de Liewenskäschten vun den Lëtzebuerger Studenten

10.03.2015 15:59

Offiziell Emfroo zu de Liewenskäschten vun den Lëtzebuerger Studenten

Onofhängeg dervun ob de Student zu Lëtzebuerg oder am Ausland studéiert, geet et eis drëm eraus ze fannen aus wat de Budget vum Student sech zesumme setzt, wat ee Studium duerchschnëttlech kascht a wat déi wesentlech Käschtepunkte sinn.

No deem éischten Unis Semester wat ënnert dem neien Gesetz vun den CEDIES-Boursen stoung ass et lo un der Zäit fir mat Hëllef vun genauen Donnéeën dëst Gesetz a Rou ze analyséieren. Wei schonn an deenen Méint virun dem Akraafttrieden vum Gesetz versprach gouf, gëtt lo eng Ëmfro iwwert déi finanziell Situatioun vun den Studenten gemaach.Op Initiativ an am Optrag vum Ministère de l’Enseignement supérieur et de la Recherche maache mir dës Ëmfro, an enker Zesummenaarbecht mam CEDIES an deenen anere Studenten- a Jugendorganisatiounen UNEL, CGJL a CNEL.

D’Resultater vun dëser Analyse gi virum Summer 2015 ëffentlech virgestallt. Mir als ACEL wäerten, wei och déi aner Studenten an Jugendorganisatiounen, d’Donnée vun dësem Sondage kréien. Mir wäerten dës dann onofhängeg vum Ministère analyséieren an eis Schlëss dorausser zeien. Op engem ACEL meets Presi wärt dëst Thema sécherlech och eng Kéier ugeschwat ginn. Nëmmen zesummen mat deenen eenzelnen Cerclen wärt et méiglech sinn dee gréissten Notzen aus dëser Ëmfro ze zéien.

Fir kënnen ze garantéieren dass dës Ëmfro representativ ass, an d’Resultater heirauser kënnen weider genotzt ginn soll jiddereen deen e Link fir deelzehuelen geschéckt kritt d’Ëmfro och ausfëllen. Dofir den Opruff un all d’Studenten sech Zäit ze huelen an dës Ëmfro gewëssenhaft auszefëllen. Wann dir iech bei verschiddenen Froen och net ganz sécher sidd ass dat net schlëmm. Besser bei enger Fro eng Schätzung ofginn wei dës guer net ze beäntweren.

Dofir gitt Gaass, fëllt alleguerten d’Ëmfro aus fir dass mir dem Ministère weise kënne dass d’Studenten sech fir hir Zukunft intresséieren, an dozou bäidroen dass d’Gesetz besser kann ugepasst ginn.

Falls nach Froen zu der Ëmfro sollten bestoen kënnt dir eis och ënnert contact@acel.lu eng Mail schécken.

Neiegkeeten vu Studenten fir Studenten

Abonnéier den ACEL Newsletter. Du kanns dech zu all Moment ausdroen.



Mat klick op "Fäerdeg" bestätegs du, dass du mat eisen Datenschutzerklärungen averstanen bass an mir dir Mailen schécken dierfen bis du dech erëm vum Newsletter ofmells.