REEL Comité 2015 am Interview

25.06.2015 20:22

REEL Comité 2015 am Interview

Den 15. bis den 18. Oktober steet di 31. Editioun vun der REEL un. Et geet op Tréier! Ier d‘Umellung lass geet hunn mir de néie REEL Comité ganz exklusiv getraff. Si hunn eis verroden firwat een d’REEL 2015 zu Tréier net däerf verpassen.

Wat erwaard den REELaner dann zu Tréier?

Wéi all Joer hunn mir dëst Joer och erëm e vollen an ofwiesslungsräiche Programm mat flotte Visiten, interessanten Diskussiounen, Virträg, an guddem Iessen. Also alles an allem gëtt et eppes fir d’Aen, fir de Kapp, fir de Mo an och fir d’Liewer.

Wat mëscht fir iech de Charme vun Tréier aus?

Tréier ass déi eelsten Staat an Däitschland an dat erkennt een och un deene sëllegen réimesche Gebeier. Mat ville klenge Caféen an Iessensméiglechkeeten ass Tréier ausserdem interessant fir all Student. Wéi et sech fir eng Miseler Metropol gehéiert ginn et zu Tréier vill Wäifester, wou och mol deen een oder aneren Patt Wäin gedronk gëtt. An der Gebuertsstaat vum Karl Marx, wou och den Guildo Horn d’Lafen geléiert huet, léisst et sech als Student gutt liewen.

A wat ënnerscheed dës REEL vun deenen aneren 30?

Doduercher datt déi meescht Lëtzebuerger schon zu Tréier waren an sech hei auskennen, kommen vill REELaner mat nidderegen Erwaardungen un d’Staat op Tréier. Dofir wëllen mir mat eisem Programm de Leit en neien Abléck verschafen. Ausserdeem wäerten mir dëst Joer net nëmmen mam Bus ënnerwee sinn, mee och déi eng oder aner Streck mam Schëff oder zu Fous zeréckleeën. Doduerch wäert een dann nach méi vun der Stad gesinn.

Wat däerf een op kenge Fall vergiessen wann een op d‘REEL zu Tréier kënnt?

Ier dir är Valise paakt sollt dir an ärem Kleederschaf op d’Sich no Relikten aus den 80er an 90er Joren goen. Dës Kleeder duerft dir op keen Fall vergiessen anzepaaken. Vergiesst och net d‘Fudder fir den Dr. Bibi anzepaaken, ganz wichteg!

Neiegkeeten vu Studenten fir Studenten

Abonnéier den ACEL Newsletter. Du kanns dech zu all Moment ausdroen.



Mat klick op "Fäerdeg" bestätegs du, dass du mat eisen Datenschutzerklärungen averstanen bass an mir dir Mailen schécken dierfen bis du dech erëm vum Newsletter ofmells.