Déi nei Publikatioune vun der ACEL gi virgestallt

30.10.2015 13:02

Déi nei Publikatioune vun der ACEL gi virgestallt

Nieft der neier Editioun vum Guide du Futur Etudiant (GFE) an dem komplett iwwerschaffte Guide du Futur Diplômé (GFD) gouf och dat neit Lidderbuch souwéi Lidderbuch-App virgestallt an déi éischte Kéier en ACEL Kachbuch.

Guide du Futur Etudiant (GFE)

De Guide du Futur Etudiant riicht sech haaptsächlech wéi den Numm et scho seet un d’Futur Studenten. Heiranner fannen si zu all Stad kuerz a knapp déi wichtegst Informatiounen. Souwéi déi wichtegst Informatioun zu Aschreiwungen, déi ënnerschiddlech Héichschoulen an Uni’en a wat ee studéiere kann, Informatiounen zu Wunnengssich a Kontaktinformatiounen zu de Cerclen an der jeeweileger Stad un déi een sech riichte kann wann ee Froen huet.

Eis 36 Cercle presentéieren an dësem Guide eng ronn 39 Stied aus 6 verschiddene Länner, dorënner och eisen néie Cercle den LSBe (Bern). Dës weidere ginn et Informatiounen zu eise 5 fachspezifesch Cerclen: ALEM (Medeziner), ALEP (Psychologen), ANEIL (Ingenieuren), ANELD (Juristen) an ANESEC (Economisten). Sou wei zu Lëtzebuerg zu der Uni.lu genau sou wéi dem BTS a 5 verschiddene Lycéeën.

Guide du Futur Diplômé (GFD)

De Guide du Futur Diplômé gouf dëst Joer komplett nei iwwerschafft an op Lëtzebuergesch iwwersat. Dëst fir deene Jonken de Start an d’Beruffsliewen nach méi ze vereinfachen. Hei fënnt een Informatiounen zu etleche Froen déi een huet wann ee fäerdeg ass mat der Uni, wéi z.Bsp.: Wéi fannen ech eng Aarbecht, wéi schreiwen ech ee Curriculum Vitae, wéi fannen ech eng Wunneng, wat fir eng Rechter hunn ech als Salarié...

Net nëmmen dass de GFD an der neier Editioun komplett iwwersat gouf och ass en vereinfacht ginn a soll ee Schrëtt fir Schrëtt duerch déi eenzel Etappe beim Start a Beruffsliewe féieren.

De GFD & GFE kritt ee Gratis bei eis um Stand op der Foire de l’Etudiant, an all Agence vun der Spuerkeess, beim CEDIES, CPOS, Nationalbibliothéik, SNJ, an der Maison de l’Orientation, Point Information Jeunes zu Esch-Uelzecht, Centre Information Jeunes (CIJ), Université de Luxembourg an online op acel.lu.

Kachbuch

Scho méi laang ugekënnegt an endlech ass et do, 24 Cercle hunn zesumme mat der ACEL ee Kachbuch erausbruecht. All Cercle huet ee Rezept erageschéckt wat typesch fir seng Stad oder Regioun ass. D’ACEL huet dann de ganze Layout gemaach an och nach een eegent Rezept dobäi gesat.

Dobäi ass och drop opgepasst ginn, dass déi eenzel Rezepter einfach nozemaache sinn an och Studenten sech un de Rezepter versiche kënnen.

Kachbuch kritt ee Gratis op eisem Stand op der Foire de l’Etudiant an op eiser Homepage acel.lu.

Lidderbuch / Lidderbuch-App

Et ass déi éischte Kéier an der Geschicht vun der ACEL dass mir eng App erausbruecht hunn. D’Lidderbuch gouf iwwerschafft, verbessert an et gouf een neie Layout ausgeschafft. Am ganze si 75 Lidder am Buch ënner deenen och 7 REEL-Lidder a 7 Cercle-Lidder sinn.

D’Lidderbuch ass gratis ze kréien op eisem Stand op der Foire de l’Etudiant an op acel.lu D’Lidderbuch-App kritt ee gratis am AppStore (iOS).

Neiegkeeten vu Studenten fir Studenten

Abonnéier den ACEL Newsletter. Du kanns dech zu all Moment ausdroen.



Mat klick op "Fäerdeg" bestätegs du, dass du mat eisen Datenschutzerklärungen averstanen bass an mir dir Mailen schécken dierfen bis du dech erëm vum Newsletter ofmells.