Säit September 2014 ass dat neit Gesetz iwwert d’Studiebäihëllefen a Kraaft. Ufank 2015 ass dunn eng Ëmfro vum Ministère an Zesummenaarbecht mat deenen anere Jugendorganisatiounen an der ACEL duerchgefouert ginn. Dëst, fir ze kucken ob, a wann jo wou, d’Gesetz muss nogebessert ginn. Am Avis vum September 2015 huet d’ACEL kloer duergeluecht dass d’Gesetz muss a verschiddene Punkten ugepasst ginn.
Des Fuerderunge goufen a verschiddene Seancë dem Staatssekretär Marc Hansen virgedroen an diskutéiert. Wéi de Ministère sech bereet erklärt huet Upassungen um aktuelle Gesetz virzehuele gouf och konkret iwwert d’Ëmsetzung vun de Modifikatiounen diskutéiert. Schlussendlech konnte béid Acteuren sech op eng Rei Mesuren eenegen déi an enger “Déclaration d’Intention” festgehale goufen an opgrond vun där de Ministère en Projet de Loi ausschaffe wärt.