Op engem immens erfollegräichen Tournoi de Noël konnte mir insgesamt 5221,10€ fir de gudden Zweck sammelen! Mir soe jidderengem Merci den um Tournoi wor an eppes dozou bäigedroen huet, ganz besonnesch dem AVL - Lëtzebuerger Studenten zu Oochen an hierem Oochener Männerchouer, den nach eemol 200€ gespent huet!
Och dëst Joer wäert d'ACEL zesumme mat senge Cerclë rëm um Relais pour la Vie matlafen an zesummen een Zeeche géint de Kriibs setzen! Mir hoffen iech alleguer do ze gesi fir eis Cerclen ënnerstëtzen ze kommen!