REEL 2016 zu Kaiserslautern

18.03.2016 13:19

REEL 2016 zu Kaiserslautern

Déi 32. Editioun vun der REEL fënnt dëst Joer vum 6. bis den 9. Oktober zu Kaiserslautern statt.

D'Réunion Européenne des Etudiants Luxembourgeois, kuerz REEL, fënnt dëst Joer eng zweete Kéier no 1990 zu Kaiserslautern statt. Zenter 32 Joer ass d'REEL en vun deene wichtegste Rendez-Vousen am Studenten-Kalenner a gehéiert fir vill Léit fest zum Studenteliewen derzou. Wei all Joers wäert och des Kéier e flotte Programm ugebuede ginn. Dëse besteet aus enger Mëschung vu politeschen Diskussiounen, kulturelle Visite, Kontakt mat Partneren a flotten Owender ënnert Kollegen.

Dëst Joer steet d'REEL ënner dem Thema: "Die Aussichten der Akademiker nach ihrem Studium." Während dem ganze Samschde wäert iwwert dëst Thema mat Politiker a weidere wichtegen Akteuren zu Lëtzebuerg diskutéiert ginn.
Weider Infoen zur REEL fannt dir op dësem Internet Site
Eng REEL ass op finanziell Ënnerstëtzung vu Partneren aus all Beräich ugewisen. Wann och Dir interesséiert sidd, d'REEL ze ënnerstëtzen an domat vu verschiddenen Avantagen ze profitéieren, da kennt dir Iech hier Partner-Broschür ënnert folgendem Link eroflueden

Neiegkeeten vu Studenten fir Studenten

Abonnéier den ACEL Newsletter. Du kanns dech zu all Moment ausdroen.



Mat klick op "Fäerdeg" bestätegs du, dass du mat eisen Datenschutzerklärungen averstanen bass an mir dir Mailen schécken dierfen bis du dech erëm vum Newsletter ofmells.