Looss dir d’Uni, de Campus an d’Stad selwer vun de lëtzebuergesche Studenten op der Platz weisen an erklären.
Um Programm stinn d’Visite vun den Uni’en a vun deene wichtegste Gebaier vum Campus, ewéi d’Bibliothéik, d’Hörsäll oder d’Administratiouns Gebaier. D’Visite ginn mat engem Iessen oder engem Patt am Stamm-Restaurant/Café vum jeeweilege Cercle ofgeronnt. Natierlech gëtt während dem ganzen Dag op all méiglech Froe geäntwert an et entsteet ee gudden Austausch tëschent Schüler a Studenten.
Als 1ère oder 13ème Schüler steet en viru wichtegen Entscheedunge fir d’Zukunft. Soll ee studéiere goen oder net? An weieng Uni ass fir mech iwwerhaapt déi richteg? De Projet «Student fir 1 Dag» bidd dir eng eemoleg Geleeënheet, dir d’Unien an d’Unisstied op eng ganz besonnesch Aart a Weis kennen ze léieren an dir bei dengen Entscheedungen ze helefen.
Méi Informationen fann dir hei