De Studentebal huet säit senger Grënnung am Joer 2001 schonn op enger Rei Platze stattfonnt. Fir déi 16. Editioun fënnt de Bal dann awer rëm wei déi lescht Joeren op der Wiss nieft dem P&R Bouillon statt. Op 13 verschidde Comptoire wäerten d'Cerclë rëm d'Méiglechkeet hunn, hier Special-Drinks unzebidden.
Virbereedungen am ACELs-Comité lafen op Héichtouren, fir dass den 22. Juli alles prett steet fir de wichtegste Bal vum Joer fir all Student, zukünftege Student an Ex-Student!
Weider Infoe kommen an deenen nächste Wochen no!