Nei Informatiounen zu der GEZ

27.04.2016 09:03

Nei Informatiounen zu der GEZ

Am Dossier vun der GEZ ginn et aktuell nei Informatiounen. Et kann een en Formulaire beim CEDIES ufroen deen een der GEZ schécke kann fir ze beweisen dass een "finanziell bedürftig" ass.

No der Question parlementaire am Europaparlament vum Charles Goerens huet d’Kommissioun matgedeelt dass en ähnleche Fall mat Holland aktuell viru Geriicht ass. D’Kommissioun géing dann och dëst Uerteel ofwaarden éier dass si di däitsch Autoritéite kontaktéiert.

Et kann een awer ab elo och en Formulaire beim CEDIES ufroe fir sech vun der GEZ befreien ze loossen. Dëse Formulaire baséiert op engem Ziedel deen d’GEZ neierdéngs de Lëtzebuerger schéckt fir dass déi sech kënne befreie loossen. De Formulaire vum CEDIES huet genau dee selwechten Inhalt, et kritt een en awer nëmme wann een och eng Bourse sociale kritt. Dofir kann een de Formulaire och just ab dem Schouljoer 2014-2015 ufroen, well et virdrun nach keng Bourse Sociale ginn ass.

De Formulaire kann ee ganz einfach per Email op info@cedies.public.lu ufroen.

An der Email muss stoen:

  • ären Numm

  • Reference interne oder Matricule

  • fir wéieen Joer de Certificat soll sinn

Well mir lo net ganz sécher wëssen op dat mat deem Formulaire sou funktionéiert wiere mir frou fir Réckmeldunge vun iech ze kréien, op dat geklappt huet, oder op et evt Problemer goufen an d’GEZ sech nach ëmmer queesch stellt. Och Erfahrungen, dat heescht wann d’GEZ iech befreit huet intresséieren eis fir dass mir déi richteg Informatioune kënnen un d’Studente weider ginn.

Hei fann dir de Formulaire (Beispill) vun der GEZ, deen si un d’Leit verschécken. Dat heescht falls der mam Ziedel vum CEDIES ofgelehnt sollt ginn, da kennt der iech drop bezeien, dass d’GEZ offiziell sou en Formulaire huet fir sech befreien ze loossen an dass dee vum CEDIES genau dee selwechten Inhalt huet.

Sollten et nei Informatiounen heizou ginn, wäerte mir déi natierlech hei och verëffentlechen.

Wann der nach weider Froe sollt hunn kënnt dir eis natierlech och gäre kontaktéieren.

Neiegkeeten vu Studenten fir Studenten

Abonnéier den ACEL Newsletter. Du kanns dech zu all Moment ausdroen.



Mat klick op "Fäerdeg" bestätegs du, dass du mat eisen Datenschutzerklärungen averstanen bass an mir dir Mailen schécken dierfen bis du dech erëm vum Newsletter ofmells.