Ofschloss Student fir 1 Dag 2016

18.04.2016 08:38

Ofschloss Student fir 1 Dag 2016

An der Ouschtervakanz war nees de Student fir 1 Dag. Ganzer 10 Reesen an eng Informatiouns Versammlung goufen zesumme mat eise Cerclen organiséiert.

Moies frei ass et mam Bus vum Houwald a vun Dikkrich aus lass gaangen. Bei deene meeschte Reese stoung moies eng kleng Presentatioun vun der Uni a vum Cercle um Programm mat enger Uschléissender Besichtegung vun der Uni. Am Nomëtten ass eng Visite vun der Stad gemaach ginn, e et dunn no eng em Patt am Stammlokal vum Cercle zeréck op Lëtzebuerg goung.

Mir hoffen et huet alle Schüler um Student fir 1 Dag gefall an dass dir all är Froe beäntwert krut, falls net kënn dir eis gäre per Mail oder Facebook kontaktéieren.

Hutt dir de Student fir 1 Dag vun dësem Joer verpasst? Dann liked eis op Facebook fir den nächsten net ze verpassen.

Neiegkeeten vu Studenten fir Studenten

Abonnéier den ACEL Newsletter. Du kanns dech zu all Moment ausdroen.



Mat klick op "Fäerdeg" bestätegs du, dass du mat eisen Datenschutzerklärungen averstanen bass an mir dir Mailen schécken dierfen bis du dech erëm vum Newsletter ofmells.