Sau-Fest 2016

16.05.2016 11:16

Sau-Fest 2016

Wéieen Datum bitt sech besser un fir een Intercercle ze organiséieren ewéi Päischten? Méindes ass frei, verlängerten Weekend, beschten Bedéngungen fir op Wien ze kommen!

Sou hunn mir dëst Joer déi aner Cerclen ageluede fir 3 Deeg mat eis ze feieren!
Lass gaangen ass et Freides, den 13. Mäi! Net grad déi beschte Viraussetzungen! An awer hate mir op dësem Dag glécklecherweis keng grousser Problemer an mir hunn eis am Café Brickmackers, bekannt fir gutt Craft Béieren a Spareribs, getraff! Alt ze laang ass et awer net gaangen, sou stoung um Samschden jo schonns eis Saufest virun der Dier!

Laang virdrun hunn mir sécher all Dag 10 mol Wieder App um Handy opgemaach fir ze kucke wéi et da géif ginn. An Prognosen waren alles aaneres wéi super! Haten mir moies och nach déi eng oder aner Reeschauer, sou war et pünktlech fir 12 Auer awer dreschen an et stoung engem legendärem Dag näischt méi am Wee! Eng hallef Stonn méi spéit ass dunn de Metzler mat der Sau komm! Et war wéi ëmmer e genoss! Richteg knuspereg déi Sau!

Den Äismann, deen duerch déi vill Baustellen den Wee net direkt fonnt huet eis dunn gezwongen déi éischt puer Béiere waarm ze drénken. Lues a Lues huet sech Platz gefëllt, an dat bei ëmmer besserem Wieder. Eenzeg e staarken Wand huet vläicht deen een oder anere gesteiert. Géint 19h-20h war Stëmmung um Héichpunkt an eis Foto stoung dunn um Programm. Guer net sou einfach ronn 160 Léit zesummen ze bréngen!
Party ass weider gaangen, Wuppen sinn um Grill gelant a Gedrénks ass weiderhi gutt gefloss.
Kuerz no Mëtternuecht ass Saufest dunn op e Enn gaangen. De Comité huet probéiert Platz sou gutt wéi méiglech ze botzen an mat engem Wegbier ass et dunn Richtung U-Bahn gaangen. Den haarden Kär ass dunn nach weider an déi verschidden Discoen gaangen!

Sonndes war et mat Sécherheet net alt ze einfach fir deen een oder aneren aus dem Bett ze kommen! An dach hunn sech och schonns Mëttes e puer Léit op der Strandbar getraff fir Geschichten vum Dag virdrun ze erzielen.
Owes haten mir dunn RDV an der Brauerei Salm Bräu. Bekannt fir hiren gudde Béier gouf dann och deen een oder anere Patt gedronk. Nodeems mir eng Spinatfritatensuppe an e traditionelle Schnitzel giess hunn duerft natierlech de Klassiker „Dësch a Luucht“ net feelen!
Nodeems mir den Restaurant dunn verlooss hunn ass et fir déi eng an den Travel Shack a fir déi aner an Bettelalm gaangen. Spéit, ganz spéit sinn déi lëscht doheem ukomm an haten et net einfach moies den Fliger ze huelen fir heem!

Alles an allem war et e mega Weekend!

Ween net derbäi war huet sécher Méiglechkeet nächst Joer den Wee op Wien ze fannen!

Neiegkeeten vu Studenten fir Studenten

Abonnéier den ACEL Newsletter. Du kanns dech zu all Moment ausdroen.



Mat klick op "Fäerdeg" bestätegs du, dass du mat eisen Datenschutzerklärungen averstanen bass an mir dir Mailen schécken dierfen bis du dech erëm vum Newsletter ofmells.