An Workshopen, Debaten a Keynotes sinn déi verschiddensten Themen iwwer d'Evolutioun vum Studium an Europa an deenen nächste Joer beschwat ginn.
- Wou leien d'Vir- an d'Nodeeler vum Bologna System? Wat muss hei an den nächste Joere geännert gi fir dass d'Qualitéit vum Studium nach besser an en Austausch nach méi einfach gëtt?
- Wei mussen d'Proffen ausgebilt gi fir dass den Wëssenstransfer gelénge kann?
- Wéi eng Kompetenze muss d'Uni de Studenten haut mat op de Wee gi fir dass si an der Aarbechtswelt schnell Fouss faasse kënnen?
- A wei fern dierf oder soll d'Privatwirtschaft op enger Uni present sinn?
D'ACEL wärt och an Zukunft un Dossieren déi d'generell Entwécklung vun der Uni an Europa mat schaffen. Hei si mir z.B. am "Bologna Follow-Up Group" vertrueden deen sech virun allem mat der weider Entwécklung vum Bologna System auserneensetzt.
D'Resultater vun dëser Konferenz, mat enger Zesummefaassung vun den eenzelne Presentatiounen an Diskussioune fannt dir op der dëser Säit: Zesummefaassung Konferenz "The Future of Higher Education"
Och op der Säit vun der hollännescher Présidence fannt dir nach weider Informatiounen zu dëser interessanter Konferenz.