Eng 160-170 Leit hu sech op eisem Intercercle de ganzen Dag iwwer amüséiert. Nodeem éischter reeneregen Ufank ass am Nomëtten d’Sonn eraus komm an huet déi souwisou gutt Stëmmung nach verbessert.
Eisen Tournoi huet wéi déi zwee Jore virdrun erëm du Steinwenden, eng 15 Minutte vu Lautern fort, stattfonnt. Nieft dem eigentlechen Turnéier konnt een nach Kicken, Volleyball spillen oder einfach déi verschidden Equippen ufeieren a mat Kollege poteren. Fir z’iessen an ze drénke war natierlech beschtens gesuergt, sou gouf et Gegrilltes a Fritten a fir den Duscht eng Variatioun un alkoholeschen an net-alkoholesche Saachen. Fir et eise Gäscht esou einfach a komfortabel wéi méiglech ze maachen, hu mir och erëm dräi Busnavetten, déi moies vun der Grillhütt op d’Terrainen an owes erëm zeréckgefuer sinn, organiséiert.
D’Innsbrucker, déi déi éischte Kéier bei eis zu Lautern waren, konnten sech an der Final géint Bréissel duerchsetzen. D’Oochener hunn dëst Joer just déi drëtt Plaz beluecht, et gëtt gemunkelt, dass et un der mangelnder Stëmmung loung…
Owes, nodeems jiddereen an d’Dusch war, ass et nees mam Bus zeréck op Hohenecken bei d’Grillhütt gaangen. Hei huet e BBQ an en Zalotebuffet op d’Leit gewaart. Nom Iessen ass et direkt mat der Flatrate-Party weider gaange wou eisen DJ fir déi néideg Stëmmung gesuergt huet. Zesummen hunn d’Cerclë bis an de fréie Moie geféiert, bis jidderee lues a lues an den Zelter an Autoe verschwonne ass fir sech no dem ustrengenden Dag „ze erhuelen“. Als kléng Stäerkung gouf et moies Kaffi a Mëtschen, éier d’Leit sech erëm op den Heemwee gemaach hunn.