Bonnympiade

09.06.2016 11:11

Bonnympiade

Och dëst Joer huet ALESONTIA hier Olympiad zu Bonn organiséiert. Eng ronn 40 Leit vun deenen verschiddenen Cerclen haten sech dofir zesummefonnt.

Moies um 10 Auer sinn dei éischt Comité’s Memberen an d’Rheinaue (den Freizeitpark zu Bonn) gefuer an hunn do éischt Virbereedungen fier d’Bonnympiade gemeet: d’Grillplaatz an den Grill sinn gebotzt ginn an d’Gedrenks (Béier, Wasser, Softdrinks) ass op d’Plaatz vun der Bonnympiade transportéiert ginn. Um 13 Auer sinn déi lescht Comité’s Memberen an der Rheinaue mat dem Iessen an dem restlechen Equipement fier dei eenzel Spiller agetraff.

Um 14 Auer hunn zwee Comité’s Memberen dei Leit, dei un der Bonnympiade deelgeholl hun um Bonner Hauptbahnhof empfaangen. Zesummen sinn se dun op d’Plaatz an der Rheinaue gefuer. Jiddereen, deen op der Bonnympiade dobai war, huet dun 20€ als Startgeld bezuelt. Heifier konnt een deen ganzen Daag souvill drenken wei een wollt, an kruut zwou Saachen vum Grill. Nodeems all d’administrativ Saachen erklärt goufen, ass et mat der Bonnympiade um 15 Auer lass gaangen. An 5 Equipen à 3 Leit hunn dei 15 Athleten als Team Gescheck, Teamgeescht an Koordinatioun an 6 verschiddenen Spiller bewisen. Hei dei 6 Spiller an der Iwwersicht:

  • Speed-Stacking: Hei ass et drems gaang, Becheren opzetiermen an och rem oofzetiermen, daat esou séier wéi méiglech.

  • Ball-Golf: Bei desem Spill ass et drems gaangen, fie mat engem Fussball, Volleyball an engem American-Football, wei beim Golf, d’Ziel an sou mann wéi méiglechen Schléi ze ereechen.

  • D’Ierbesen: Hei war d’Ziel, sou vill wei meiglech Ierbesen mat engem Stréihallem während 5 Min. vum Punkt A, iwwert en klengen Parcours op den Punkt B ze brengen.

  • Schätzen: D’Equipen goufen virun e puer Schätzfroen gestallt.

  • Den Alufolientuerm: D’Equipen hu missen an 3 Min. aus engem 10m Roulleau Alufolie, en meiglechst groussen Tuerm bastelen.

  • Schubkarren-Rennen: Een an der Schubkarr, deen aaneren kruut d’Aan verbonnen, an ass dunn vun dem an der Schubkarr, duerch den Parcours geleed ginn.

  • Doniewt kruut all Equipe nach en Froenbou, deen et auszefellen gouf.

An deem éichte Playoff Spill goufen Stiwwelen geschoss, den Prinzip war einfach, daat Waitst gewennt.

An der Final ass Blannefussball gespillt gin, dei zwee um Terrain kruuten d’Aan verbonnen, an sin vum dretten Teammate guideiert gin.

Dono hunn mir alleguerten zesummen an der Rheinaue gegrillt. Zur Auswahl stungen Grillwurschten, Mettwurschten a Kéiswuppen. Bis 22 Auer hunn mir nach dat gudd Wieder genoss an hunn dunn alles zesummen geraumt. D’Bonnympiade hunn mer dunn an der Bonner Discothek “Das Appartment” mat e puer Pätt oofgeschloss.

Neiegkeeten vu Studenten fir Studenten

Abonnéier den ACEL Newsletter. Du kanns dech zu all Moment ausdroen.



Mat klick op "Fäerdeg" bestätegs du, dass du mat eisen Datenschutzerklärungen averstanen bass an mir dir Mailen schécken dierfen bis du dech erëm vum Newsletter ofmells.