Soccer-Golf

04.06.2016 11:14

Soccer-Golf

Den 4. Juni 2016 hunn d’Studenten vu Freiburg op hier éischt Intercercle invitéiert. Eng knapp hallef Stonn ausserhalb vu Freiburg hunn sech d’Studenten vun de Cerclen SLUF, LSD, AELK an ANESEC getraff, fir hier Talenter op engem Golfparcours ënner Beweis ze stellen.

Allerdéngs huet een säin Putter konnten doheem loossen, et ass nämlech drëms gaangen, de Ball mam Fouss an d‘Lach ze schéissen. D‘Motivatioun war bei jidderengem grouss, an och d’Wierder hat wuel een Erbaarmen, well mir hunn déi eenzeg puer dreschen Stonnen op deem Weekend erwescht. Insgesamt haten sech 24 Leit deen Dag zesummefonnt, sou dass et an Gruppen vun 4 bis 5 Leit op de Parcours goung. An och wann déi eenzel Lächer deelweis einfach ausgesinn hunn, sou war et onvermeidlech, dass een säi Ball déi eng oder aner Kéier am héijen Gras misst erëm fannen, oder een hannert engem Bam de Fändel vum Lach net méi gesinn huet. Dat huet dunn natierlech virun allem bei den aneren Leit aus der Grupp fir uerdentlech Amusement gesuergt, wat dee ganzen Dag fir eng flott Ambiance gesuergt huet.

De SLUF hat awer net nëmmen de Parcours vum Soccer-Golf fir d’ Intercercle reservéiert, mee huet sech och ëm eng kleng Stäerkung a Form vu Gegrills mëttes gekëmmert, wat och vum Cercle selwer gegrillt gouf. Nodeems déi éischt 9 Lächer gespillt waren, gouf kollektiv eng Paus ageluecht, éier et nomëttes mat den leschten 9 Lächer weider gaangen ass. Och do stoung weiderhin de Spaass am Virdergrond, wat och wuel dorunner geleeën huet, dass de Score net war fir sech ze bretzen. Domadder ass d’Ennresultat och an den Hannergrond gerutscht, an den Nomëtten gouf bei enger leschter kaler Béier ausklénge gelooss, éier et zréck op Freiburg goung.

No engem sportlechen Nomëtten wollt de SLUF seng Gäscht net hongereg Heem schécken, sou dass hien e en Dësch am Martinsbräu reservéiert hat, wou et Owes zwee Spanfierkelen z’iessen gouf. Natierlech ass een och do net erdiischtert, schliisslech huet dee Restaurant eng hauseege Brauerei, sou dass deen een oder aneren Pitcher vun deem naturdréiwe Béier zerwéiert ginn ass. No der grousser Bouffe ass een nach zesummen an den Harmonie Keller gaangen, wou deen Owend d’90er Joren grouss geschriwwe goufen. Lidder wéi „Everybody“ vun de Backstreet Boys an „Baby One More Time“ vum Britney Spears suergen och am 21. Jorhonnert nach fir Stëmmung, wéi dat den 4. Juni 2016 nach eng Kéier bewise gouf.

Selbstverständlech huet kee méi missen Auto fueren. De SLUF huet fir all Gaascht eng Schlofplaz bei engem zu Freiburg organiséiert. Alles an allem war et eng gelonge Première, mat gudder Bedeelegung an flotter Ambiance..All déi, di net dobäi waren, hu wierklech eng verpasst. Mee keng Angscht, et wäerd eng zweet Editioun vun der Intercerlce „Soccer-Golf“ am Summer 2017 zu Freiburg stattfannen, sou dass een sech schonn op dat nächst Joer freeën däerf!

Neiegkeeten vu Studenten fir Studenten

Abonnéier den ACEL Newsletter. Du kanns dech zu all Moment ausdroen.



Mat klick op "Fäerdeg" bestätegs du, dass du mat eisen Datenschutzerklärungen averstanen bass an mir dir Mailen schécken dierfen bis du dech erëm vum Newsletter ofmells.