Nodeems de Charles Goerens eng question parlementaire un d'europäesch Kommissioun gestallt huet koum elo eng äntwert. D'gesetzlech Basis déi dëst regelt gëtt vun der Kommissioun net als diskriminatoresch ugesinn, well sech och Net-Fransousen heivunner befreie kënne loossen. Et misst also fir all Lëtzebuerger deen d'Conditioun erfellt meiglech sin ausgeholl ze ginn. Mee déi franséisch Autoritéiten hunn awer versprach en Dokument opzesetze wou d'Situatioun nach eng Kéier kloer gestallt gëtt dass och Lëtzebuerger wei d'Fransouse behandelt gi mussen a kenne vun der taxe d'habitation ausgeholl ginn. Dëst Dokument wäert un d'Servicer geschéckt ginn déi sech em dës Dossiere këmmeren.
Sollt dier nach ëmmer Problemer hunn fir vun der taxe ausgeholl ze ginn kënnt dier d'Äntwert vun der Kommissioun huelen an hinne weisen, fir esou e bëssen Drock opzebauen. Falls der weider sollt Problemer hunn kënnt dier iech och gären un eis wenden.
De Bréif fannt dir hei: Bréif vun der Kommissioun