Summercup 2016

02.07.2016 10:59

Summercup 2016

Des Joer war de Summercup vun den Stroossbuerger Studenten organiséiert ginn an dat Ganzt ass zu Ierpeldeng bei Ettelbréck um syntheteschen Terrain ofgelaf. Ugemellt haten sech ganzer 5 Ekippen, an zwar den LSC, CELM, CELB, AVL an d’ALUS.

Moies um 9h ass et fir d’ALUS Comité lass gaange mat Opriichten vun den Zelter, Bänken an de Grill. Fir 10h waren d’Ekippen och schonn prett um Terrain, bis dohin ass och schonn deen een oder aneren Béier geknackt ginn. Kuerz drop sinn dann och déi éischt Matcher lass gaange, gespillt gouf op 2 Felder gläichzäiteg.

D’Buvette gouf des Joer vum Veräin vun Ierpeldeng geschmass an si hunn eis den ganzen Dag mat Gedrénks versuergt. Duerno sinn dann och Kéiswurschten mat Speck an Léift gerullt ginn fir pünktlech op den Grill.

Déi éischt Supporteren waren géint 11h ukomm, dann stoung engem flotten Dag mat Musek, Grill, Fussball an Sonn näischt méi am Wee, och net déi kleng Schaueren déi erof komm sinn. De leschten Match fir Moies gouf dann um hallwer 1 gespillt, an duerno gouf och schonn fir den Honger gesuergt. Gemittlech nom Iessen, gouf dann 1 Faass Béier fir den Beerpong Turnéier ageweit wou d’Leit de ganzen Moien Zäit haten sech anzeschreiwen.
D’Stëmmung war op héich Touren, an am Nomëtten sinn och ëmmer méi Leit bis Moien soen komm. Net ze vergiessen, dass och des Joer ee Saufpokal verdeelt gouf, dh. d’Cerclen hunn sech och gutt dru ginn.

Den Fussball war ongeféier géint hallwer 4/ 4 Auer fäerdeg, gewonnen hunn dann d’Kölner an och des Joer ginn sech d’Oochener mat enger 2. Platz zefridden an d’Stroossbuerger hunn dann 3. Platz gemet. Am Beerpong huet Oochen gewonnen an den Saufpokal ass des Joer un Stroossbuerg gaange.

Nom offiziellen Programm, waren d’Leit awer nach motivéiert fir e bëssen ze bleiwen an ze schwätzen oder e bëssen fir den Beerpong ze trainéieren. Um 18h war den Summercup 2016 fäerdeg an mir duerften leider och net méi laang bleiwen, mee Gott säi Dank ginn et jo och nach After-Summercup-Party’en.

Neiegkeeten vu Studenten fir Studenten

Abonnéier den ACEL Newsletter. Du kanns dech zu all Moment ausdroen.



Mat klick op "Fäerdeg" bestätegs du, dass du mat eisen Datenschutzerklärungen averstanen bass an mir dir Mailen schécken dierfen bis du dech erëm vum Newsletter ofmells.