Vëlosheemrees

01.07.2016 11:07

Vëlosheemrees

Den 1. Juli wa den Intercercle vum AELK wou sech 17 Coureuren op den Wee vun Karlsruhe op Lëtzebuerg gemet hunn.

Moies frei hunn mir eis um 4 Auer alleguerten zesummen an enger Wunneng getraff, wou mir eis nach eng Kéier gestäerkt hunn. Ze iessen goufen et Spaghetti. Kuerz no 5 sinn mir dann zu Karlsruhe mam Vëlo lass gefuer. Um Départ waren 17 Coureuren, an doniewent haten mir nach dräi Camionnetten déi eis begleet hunn. Sou ass iwwert déi ganz streck eng Camionnette fir gefuer, an an der Mëtt an dann nach eng ganz zum Schluss. Während der ganzer Zäit wou mir gefuer sinn goufen et wieder keng Problemer, den eenzege Schued deen et gouf war en Platten. Déi ganz Streck war an 5 Etappen agedeelt. Wou all kéiers eng kleng Paus vun 10 bis 15 Minutten gemaach gouf. Zu Saarbrécken haten mir dann RDV mat den Saarbrécken, déi eis e pur Zaloten als Mëttegiessen preparéiert haten. Mir sinn dann och do mat bëssen Verspéidung kuerz no 1 Auer ukomm.

No enger Stonn Paus ass et dunn ärem lass gaang fir eis 2 lëscht Etappen ze fueren.

Zimlech genau um 5 sinn mir an der Stad bei der BGL (Agence Merl-Jardins de Luxembourg) ukomm. Hei goufen mir dann och vun der BGL emfaangen an kruten en Patt ze drénken.

Dono hat dann all Coureur d Méiglechkeet nach an Piscine vum Lycée Aline Mayrisch duschen ze goen. Ofschléissend hunn déi, déi nach motivéiert waren zesummen gegrillt bei engem aus dem Comité vun der AELK.

Während dem ganzen Tour vun Karlsruhe ob Lëtzebuerg, goufen d Coureuren mat Waasser, Powerrieglen an aneren Saachen verseucht.

Ofschléissend kann en nach soen dat eng grouss Majoritéit vun eisen Coureuren et gepackt huet den ganzen Tour ze fueren.

Dat ganzt hunn mir fir den gudden Zweck organiséiert, sou dat den eis duerch en festen Don oder en flexibelen Don fir e Coureur konnt ënnerstëtzen.

Dat Ganzt Geld wat mir sou zesummen kruten, gëtt dann och integral dëst Joer un Kannerduerf vun Miersch gesponsert.

Neiegkeeten vu Studenten fir Studenten

Abonnéier den ACEL Newsletter. Du kanns dech zu all Moment ausdroen.



Mat klick op "Fäerdeg" bestätegs du, dass du mat eisen Datenschutzerklärungen averstanen bass an mir dir Mailen schécken dierfen bis du dech erëm vum Newsletter ofmells.