Oktoberfest Intercercle

23.10.2016 22:00

Oktoberfest Intercercle

Scho fir déi 2. Kéier huet den LSM lauter Studenten aus 17 verschiddene Cerclen invitéiert, fir zesumme mat eis Münchener Studenten um weltberühmten Oktoberfest ze feieren! Dofir hunn mir och eis Couchen, Better oder d’Loftmatrassen um Buedem deenen anere Studenten zu Verfügung gestallt fir dass sie en flotten a bëllege Weekend mat eis verbrénge konnten.

Eis dësjäreg Intercercle huet um leschte Weekend vum Oktoberfest statt fonnt, dat heescht vum 29. September Donneschdes Owes bis den 01. Oktober Samsdes Mëttes. Gestart hunn mir Donneschdes Owes mat engem gemittlechen awer och scho sëffegen Owend am Löwenbräukeller, wou et fir all Student eng Maß Béier ginn ass mat engem gudde Münchener Schnitzel, wou et natierlech och eng vegetaresch Alternative gouf. Et gouf vill gepotert a gelaacht, mee och en klassesche „Dësch an d’Luucht“ huet net gefehlt. Den Owend huet offiziell um 1 Auer säin Enn fonnt gehat, wat déi motivéiert Leit awer net dovun ofgehalen huet nach weider zegoen.

Weider gaangen ass et dunn direkt Freides moies, wou mir eis schonn um 9 Auer Rendez-vous ginn haten, fir ganz fir beim Hacker-Pschorr Festzelt (Himmel der Bayern) ze stoen an era konnte stierme soubal d’Dieren dunn um 10:30 Auer opgaange sinn. Voller Elan a Motivatioun hunn do also 121 Studenten zesumme gefeiert, op de Bänke gedanzt an och déi eng oder aner Maß gedronk. Och hei hunn mir eis Stemmen net geschount an dat een oder anert Lidd gouf ugestemmt. Bis um 11 Auer owes, wou d’Zelter zoumaachen, si mir net heem gaangen an och dono war en Deel vun eis net ze stoppen! After-Wiesn Party war ugesot, wou bis spéit an d’Nuecht eragefeiert gouf!

Samschdes hu mir dunn den Dag en bësse méi gemittlech gehalen, an hunn eis eréischt Mëttes getraff fir dat schéint Nymphenburgerschloss ze besichen. Och wann deen een oder aneren et net bis dohi gepackt huet, war et trotzdem e flotten Ofschloss vun enger gelongener Intercercle.

Domat kenne mir just Merci soe fir déi amüsant 3 Deeg zu München a freeën eis schonn iech all nächst Joer op eiser traditioneller Intercercle erëmzegesinn, wann et op de Wiesn nees heescht “O’zapft is!”!

Neiegkeeten vu Studenten fir Studenten

Abonnéier den ACEL Newsletter. Du kanns dech zu all Moment ausdroen.



Mat klick op "Fäerdeg" bestätegs du, dass du mat eisen Datenschutzerklärungen averstanen bass an mir dir Mailen schécken dierfen bis du dech erëm vum Newsletter ofmells.