REEL 2016

16.10.2016 11:40

REEL 2016

REEL (Réunion Européenne des Etudiants Luxembourgeois) 2016 zu Kaiserslautern 6. – 9. Oktober

Um 5 moies ass et Donneschdes ugaange wou de Bus sech vum Houwald op Lautern gemaach huet. Wei gewinnt huet d’ACEL hei mat sengen 3 Workshopen den Ufank gemaach. De REEL’aner stoungen dobäi 3 verschidden Themen zur Auswiel eng Kéier den Informatiounsaustausch zwëschent de Cerclen, der ACEL an de Studenten, en weidere Workshop huet Thema vun der REEL 2016 behandelt de Student nom Studium an den 3. Workshop huet sech mat dem Cercles Guide beschäftegt. Mëttes ass et dunn duerch Kaiserslautern gaange wou ee Méiglechkeet hat Stad ze gesinn an och nei Kontakter ze schleisen.
 
Freides stoungen dunn déi ënnerschiddlech Visitten um Programm wei och d'Virträg vun de Partenairen. Eng REEL déi ouni d’Ënnerstëtzung vun deene ville vertruedene Partner natierlech net méiglech wär mee zäitgläich och dem een oder anere Student erlaabt déi eenzel Entreprise besser kennen ze leieren an sech no engem Stage ze ëmfroen.
 
De Samschden huet du mat engem Virtrag vum Här Minister Etienne Schneider ugefaangen deen e bëssen en Abléck a Lëtzebuerger Ekonomie ginn huet a Perspektiven déi sech hei ubidden an och wei engen Erausfuerderunge Lëtzebuerg sech an den nächste Jore stelle muss. Dono war dem Publik nach Méiglechkeet gi Froen ze stellen. Mëttes war dunn den Debat drun wou mat ënnerschiddlechen Acteuren aus der Lëtzebuerger Ekonomie an dem Här Minister Marc Hansen sou wei dem President vun der ACEL iwwert Chance vun de Studenten nom Studium debattéiert ginn ass. Och hei konnt Publikum duerch Froe mat deelhuelen.
 
Sonndes war dunn den Ofschloss vun der REEL wou ee mat engem Besuch an der Schwämm oder engem Wäintour eng flott REEL 2016 zu Kaiserslautern op en Enn bruet huet. Wei ëmmer op enger REEL huet ee vill nei Kontakter kritt, konnt sech mat an Diskussiounen abannen a vill flott Erfahrunge mathuelen.
 
D’ACEL kuckt ganz positiv op déi 32. Editioun zeréck, déi der ACEL erëm erlaabt huet mat senge Memberen zesummen un deene Problemer ze schaffen déi Studente beim Start a Beruffsliewen hunn. Als Fazit kann ee festhalen dass d’Zukunft fir d’Heichschoulabsolventen zu Lëtzebuerg relativ gutt ass, wat deene meeschten awer fehlt si konkret Informatioune sief et wou een all d’Annonce fënnt wann een e Beruff sicht oder wou een d’Informatioune kritt wann een sech wëll selbststänneg maachen, Stéchwuert Start-up. D’ACEL wäert Opgrond vun deene Réckmeldungen natierlech kucke fir dës Informatiounen nach besser un Studenten ze bréngen a mat de concernéierten Acteure Kontakt ophuelen.

Neiegkeeten vu Studenten fir Studenten

Abonnéier den ACEL Newsletter. Du kanns dech zu all Moment ausdroen.



Mat klick op "Fäerdeg" bestätegs du, dass du mat eisen Datenschutzerklärungen averstanen bass an mir dir Mailen schécken dierfen bis du dech erëm vum Newsletter ofmells.