Blog

11.11.2016 15:50

Foire de l'Etudiant 2016

D'ACEL kuckt positiv op déi 30. Editioun vun der Foire de l'Etudiant zeréck a seet de Cercle Merci fir hir Mataarbecht.

© Foto Ministère d'Etat

Déi 30. Editioun vun der Foire de l'Etudiant war dëst Joer vum 9. bis den 10. November erëm an de Foireshale vun der Luxexpo. Och dëst Joer konnt d'ACEL zesumme mat 36 Membercercelen, iwwer déi 2 Deeg Schüler informéiere fir hire Schrëtt a Studenteliewen ze plangen. Sief et d'Fro nom richtege Studium oder der richteger Stad, duerch engagéiert Studente war et och dëst Joer erëm méiglech souvill Informatioune wei méiglech un zukünfteg Studenten ze ginn.

Eng Foire de l'Etudiant déi dovunner lieft dass d'Unien wei och Studentencercelen op der Plaz um Rendez-vous sinn, d'ACEL seet dann och all senge Membercercelen e grousse Merci fir déi super Aarbecht déi si iwwert déi 2 Deeg geleescht hunn. 

Fir d'ACEL wou zënter dem Ufank mat dobäi ass, ass et extrem wichteg d'Schüler déi néideg Informatioune mat op de Wee ze ginn, sou wonnert et och net dass een dëst Joer iwwer 2'300 Guide vum Guide du Futur Etudiant a Guide du Futur Diplômé verdeele konnt. An och soss huet sech de Comité Zäit geholl sou vill Froe wei méiglech ze beäntwerten.

Och hunn sech et den Här Bettel an den Här Hansen net huele gelooss fir op eise Stand laanscht ze kommen a Merci ze soe fir déi gutt Zesummenaarbecht vum Cedies an der ACEL bei der Organisatioun vun der Foire de l'Etudiant.

Neiegkeeten vu Studenten fir Studenten

Abonnéier den ACEL Newsletter. Du kanns dech zu all Moment ausdroen.