Blog

15.11.2016 18:09

Mir begréissen ons nei Homepage!

Wëllkomm op der neier Internetsäit vun der ACEL. Op dësem Site fënns du Informatiounen iwwert d’ACEL an seng Cerclen.

Wëllkomm op der neier Internetsäit vun der ACEL.

Op dësem Site fënns du Informatiounen iwwert d’ACEL an seng Cerclen. 

Op der Startsäit fënns de eis News an en Artikelen iwwert eis aktuell Themen.

Ënnert der Rubrik „Iwwer Eis“ fënnt een Informatiounen iwwert eis Cerclen mee awer och iwwert déi aktuell Comitémemberen. Do fenns de dann och en Agenda mat Events an der Studentenzeen.

An den verschiddenen Rubriken uewen op der Säit kanns du dech iwwert d'Informatioun fir Schüler, Representatioun an Zesummebrénge vu Studenten informéieren. 
Bei der Informatioun fënnt een eis Publikatiounen als Download, zum Beispill den neien „Guide du futur étudiant“. An der Rubrik vun der Representatioun kann een eis politesch Dossieren duechliesen. Beim Zesummenbrénge vu Studenten handelt et sech em Baler an Intercerclen, hei kann een nokucken waat an der leschter Zait sou lass war.

Falls du Froen un eis hues kanns de gär eisen Kontaktformular notzen fir eis unzeschreiwen.

Vill Spaass beim duerchklicken! 

Neiegkeeten vu Studenten fir Studenten

Abonnéier den ACEL Newsletter. Du kanns dech zu all Moment ausdroen.