Blog

15.12.2016 11:34

CEDIES - Studiebäihëllef - Feelend Dokumenter

Mäin Dossier war net vollstänneg, wat muss ech elo maachen?

De CEDIES huet eis drop opmierksam gemach dass Sie iwwerschwemmt ginn vun eenzelen Dokumenter déi an äre respektiven Dossiere gefeelt hunn.

Vir e propperen administrativen Oflaf ze garantéieren, si folgend Reegelen ze beuechten:

  • Feelend Dokumenter net op eegen Initiative noschécken, mee just wann Dir per Bréif vun ärem Agent dozou opgefuerdert gouft, dëse Bréif dann och bei är Dokumenter derbäi leen. Dir kennt des Dokumenter och via e-mail un ären Agent schécken, di elektronesch Adress fannt Dir ob ärem Bréif.

  • Bei all Kontakt mam CEDIES, onbedéngt är Matricule oder d'Nummer vun ärem Dossier uginn.

Aus Respekt vis-à-vis vun deene Studenten/Studentinnen di eng vollstänneg Demande ofginn hunn, ginn di onkomplett Dossieren eréischt ganz zum Schluss traitéiert/finaliséiert.

Neiegkeeten vu Studenten fir Studenten

Abonnéier den ACEL Newsletter. Du kanns dech zu all Moment ausdroen.