Blog

15.12.2016 10:47

Gratis ëffentlechen Transport fir Studenten

No den éischte Fuerderunge fir e gratis ëffentlechen Transport fir Studenten am Juni konkretiséiert sech des Fuerderung ëmmer méi.

Nodeems d'ACEL mat senger Fuerderung dass d'Studente genau sou berechtegt si fir de gratis ëffentlechen Transport wei d'Schüler, sinn am Juli d'Verhandlunge mat de Ministere Bausch, Hansen a Meisch ugaangen. Iwwert déi lescht Méint sinn dunn ënnerschiddlech Pisten ugeduecht ginn an et ass versicht ginn ze kucken a wei weit dëse Projet méiglech ass a wei Modalitéite si wann et dorëm geet eng Demande ze stellen oder wien alles dono vun dëser Mesure profitéiere kann.

Mat dem Erofsetze vun dem Maximalalter fir eng Jumboskaart vu 27 op 25 ass d'Noutwendegkeet dofir nach méi grouss ginn. Well Präisdifferenz zwëschent enger Jumboskaart fir 75€ an dem M-Pass fir 440€ dach en zolitten Ënnerscheed mëscht. Dofir kuckt d'ACEL sou schnell wei méiglech eng Léisung ze fannen, déi nächste Verhandlunge sinn am Januar mat de Ministere Bausch an Hansen ugesat, wou een hofft schonn déi éischt Resultater virleien ze hunn.

Neiegkeeten vu Studenten fir Studenten

Abonnéier den ACEL Newsletter. Du kanns dech zu all Moment ausdroen.