Blog

02.12.2016 11:30

Tarte flambée Intercercle

Wei all Joer huet d’ALUS erem seng traditionell Tarte flambée Intercercle organiséiert, déi nawell ee grousse Succès hat. Den Undrang war souguer nach méi grouss wie déi lescht Joren, well déi 130 Platzen innerhalb vun enger 15 Minutten all verginn waren. Souguer d ‘Waardelëscht vun 50 Leit war den Dag selwer nach voll.

D’Leit aus den verschiddensten Cerclen, vun LSM bis AELK, hunn sech den Donneschden, 17. November um 19.30 am Brasseur (22, rue des Veaux) getraff. Nodeems d ‘Geld vun den Leit agesammelt ginn ass an d’ACELs Lëscht duerchginn ass, ass och schonn deen éischte Béier gefloss an di éischt tarte flambéen sinn komm. Vun 130 Leit di sech ugemellt haten sinn da leider den Owend selwer nëmmen 125 komm.

D’Leit hunn bis ongeféier 21.30 vum Béier an den Tarte flambéen profitéiert an niewebäi dat eent oder anert Studentelidd gesonge. Stëmmung war alles an allem super. Wëll et fir gewëssen Leit net genuch Béier ginn ass, huet d’ALUS op seng Këschten nach eng Ronn Pitcheren un di verschidden Dëscher verdeelt. Dono sinn se alleguerten zesummen bis Ronn 24:00 an d’Jimmys Bar (30 Quai des Bateliers) gaangen an d’Leit hunn sech do ënnerteneen ausgetosch. Déi di dunn nach ëmmer net genuch haten sinn nach an d’Salamandre erausgaangen. Obwuel et ee laangen Owend war, waren bestëmmt nach eng 40-50 Leit bis op da leschter Statioun mat dobäi. Di lëscht sinn schlussendlech géint 6 Auer moies op da jeeweileger Schlofplaaze ukomm.

Den Dag drop sinn di Leit di zu Stroossbuerg iwwernuecht hunn, nach zesummen iessen gaangen an hunn den Owend och nach zesummen verbruecht, bis spéitstens Samschden jiddereen senger Wee gaangen ass.

Neiegkeeten vu Studenten fir Studenten

Abonnéier den ACEL Newsletter. Du kanns dech zu all Moment ausdroen.