Blog

11.12.2016 15:27

Taxe d'Habitation

An leschter Zäit hunn erëm vill Studente geschriwwe kritt si missten Taxe d'Habitation bezuelen, säit der Äntwert vun der EU Kommissioun besteet awer och fir d'Lëtzebuerger Studenten d'Méiglechkeet sech vun dëser Tax ze befreien.

taxe-d-habitation.png

D'Situatioun huet sech säit der Äntwert vun der EU Kommissioun vum 12. Mee 2016 net geännert, dat heescht dass a Frankräich keen Ënnerscheed zwëschent engem Lëtzebuerger an engem franséische Student gemaach gëtt.

Mir roden de Studenten en Recours ze maache wann si geschriwwe kréien dass si Taxe d'Habitation bezuele sollen. Dofir hunn mir eng Lettre modèle opgesat, déi muss un déi jeeweileg Persoun ugepasst ginn. Déi zwee Dokumenter (avis d’impôt, avis de dégrèvement) kënnen op sengem zoustännege Steierbüro ugefrot ginn.

Mir hoffen dass iwwert dëse Wee d'Lëtzebuerger Studente vun der Taxe d'Habitation ausgeholl ginn. Sollte weiderhi Problemer bestoe sti mir gären zur Verfügung fir ze hëllefen.

Neiegkeeten vu Studenten fir Studenten

Abonnéier den ACEL Newsletter. Du kanns dech zu all Moment ausdroen.