Blog

19.12.2016 14:20

TMS Test fir medizinesch Studiegäng

Wat ass den TMS Test an muss ech en maachen?

Den Test fir medezinesch Studiegäng (TMS) ass ee Studienfähegkeetstest an Däitschland, deen iwwerpréift ob een d'Verständnis fir naturwëssenschaftlech a medezinesch Problemer ze léisen, huet. Dësen Test kann ee fräiwëlleg absolvéiere mee vill Unien zeien d'Resultat vum TMS Test als Auswielkritère beim Auswielverfuere vun neie Studente mat an. Deemno kann ee gutt Resultat am TMS Test, d'Chancen an engem medezinesche Studium ugeholl ze ginn, erhéijen. Den Test kann nëmmen eemol gemaach ginn an deemno och net widderholl ginn. 

Wichteg Informatiounen zum TMS Test:

Testdatum:
6 Mee 2017

Umeldungszäitraum:
Vum 1. Dezember 2016 bis den 15 Januar 2017, 24:00 Auer.
D'Umeldung verleeft iwwert den Internetsite: http://www.tms-info.org

Inscriptiouns Fraisen:
73€
D'Umeldung ass eréischt gülteg wann de Betrag bis spéitstens den 23. Januar, 24:00 Auer, bei der Bank agaangen ass.

Testplatz:
Nodeems de Betrag agaangen ass kann een um Site aussiche wou ee gär den Test wëll absolvéieren. 

Resultat:
Enn Juni 2017

Internetsite:
http://www.tms-info.org

weider Infortmatiounen:
https://cedies.public.lu/fr/actualites/2016/12/Medizinstudium-in-Deutschland/index.html

Neiegkeeten vu Studenten fir Studenten

Abonnéier den ACEL Newsletter. Du kanns dech zu all Moment ausdroen.