Blog

10.01.2017 14:36

ACEL verlängert säin Partenariat mat der Spuerkeess

D'läscht Woch ware mir bei eisem laangjärege Partner der Spuerkeess fir eise Partenariat ze verlängeren. Mir soen der Spuerkeess villmools Merci fir hier Ënnerstëtzung a fir déi gutt Zesummenaarbecht an de leschte Joren.

D'ACEL huet säi Partenariat mat der Spuerkeess em e weidert Joer verlängert a kuckt op eng positiv Zesummenaarbecht déi läscht Joren zeréck. Och fir d'Joer 2017 wäert d'ACEL erëm op eng gutt Zesummenaarbecht hoffe kënnen a wei gewinnt kann een d'ACEL-Publikatioune 'Guide du Futur Etudiant' an de 'Guide du Futur Diplômé' an de Spuerkeess Agencë kréien.

Neiegkeeten vu Studenten fir Studenten

Abonnéier den ACEL Newsletter. Du kanns dech zu all Moment ausdroen.