Blog

21.01.2017 11:32

Admission Post Bac - éischt Umeldung a Frankräich

Du bass de Moment op der 1e oder 13e a wëlls nächst Joer a Frankräich studéiere goen? Da bass du heivunner betraff!

Vum 20. Januar bis den 20. Mäerz, kann ee via d'Plattform Admission-Postbac en Dossier opstelle fir seng Umeldung fir dat éischt Joer op enger Franséischer Uni oder Héichschoul.

Wéi leeft dat genau of?

  • 20. Januar bis 20. Mäerz: Opstellung vun engem Kandidatur-Dossier
  • bis den 2. Abrëll: Kandidatur-Dossier un de verschidden Unien schécken
  • bis den 31. Mee: Studien no äre Choix klasséieren
  • ab 8. Juni: éischt Zousoe vun den Unien vir är Demanden

Méi detailléiert Informatiounen dozou fannt dir op hir Broschür "Guide du Candidat".

Neiegkeeten vu Studenten fir Studenten

Abonnéier den ACEL Newsletter. Du kanns dech zu all Moment ausdroen.