Blog

06.01.2017 17:46

Gratis ëffentlechen Transport fir Studenten

D'ACEL konnt en Accord fir gratis Benotze vu Bus an Zuch fir all Studente mat de Ministere Bausch an Hansen fannen.

D'ACEL konnt haut um 6. Januar en Accord mat de Ministere Bausch an Hansen fanne wat eng gratis Notzung vum ëffentlechen Transport zu Lëtzebuerg ugeet. Ab dem 1. August wäert et fir all Student méiglech sinn sech de gratis Titre de Transport unzefroen, dofir wäert et duergoen mat senger Inscriptioun vun der Uni a mat senger Carte d'Identité op e Guichet ze goen. Des Mesure zielt souwuel fir déi Studente wou hei zu Lëtzebuerg studéieren, wei och fir déi wou engem Studium am Ausland noginn.

All Student wou also zu Lëtzebuerg oder am Ausland studéiert an ënner 30 Joer ass, kann sech des Kaart ufroen.

Des Weidere wäerten och all Studente vun der Uni Lëtzebuerg, der Lunex zu Déifferdeng wei och BBI zu Wolz vun der Mesure profitéiere kënnen.

Neiegkeeten vu Studenten fir Studenten

Abonnéier den ACEL Newsletter. Du kanns dech zu all Moment ausdroen.