Blog

09.02.2017 16:38

How To: Befreiung vun der GEZ

Du studéiers an Däitschland a kriss d'Bourse Sociale? Dann kanns du dech vun dem Rundfunkbeitrag (GEZ) befreie loossen.

Am Moment ass eng Befreiung just fir déi Studente méiglech déi eng Bourse Sociale kréien.

No ville positive Réckmeldungen dass d'Befreiung vun der GEZ geklappt huet, wëlle mer hei nach eemol genau drop agoe wei eng Schrëtt ze ënnerhuele si fir befreit ze ginn. Et bleift am Moment dobäi dass eng Befreiung just fir déi Studente méiglech ass déi eng Bourse Sociale kréien.

Als éischt brauch een en Befreiungsantrag vun der GEZ. Dëse Formular musst dir just ausdrécken an NET ausfëllen.

Duerno muss een sech vum CEDIES de Formulaire ufroen deen den Ziedel vun der GEZ beäntwert, fir dësen unzefroe muss dir eng Email op info@cedies.public.lu maachen.
An der Email muss stoen:

  • ären Numm
  • Reference interne oder Matricule
  • fir wéi ee Joer de Certificat soll sinn (vue dass et Bourse Sociale säit dem akademesche Joer 2014-2015 gëtt, ka fir virdru kee Certificat ugefrot ginn, mee dir kennt iech Réckwierkend bis dohinner befreie loossen). Hei ass e Beispill wei een Ziedel dir kréie musst.
    Fir dat kommend Semester ass et esou, dass den CEDIES dësen Ziedel direkt bei den gielen Ziedel deen är Bourse confirméiert dobäi leet. Falls dat net den Fall ass, kennt dir Sie wei hei driwwer beschriwwen den Certificat ufroen.

Als Zousaz zu dem Formular hunn mir en Bréif ([Word] | [PDF]) opgesat den dir kennt dobäi leen. Duerch dëse Bréif ass kloer gestallt dass de CEDIES déi Agence ass wou zu Lëtzebuerg zoustänneg fir d'Bourse ass an och op wei eng EU-Gesetzer sech déi Iwwerleeung fir d'Befreiung vu Lëtzebuerger am Ausland berifft. Och gëtt op den Artikel verwisen aus dem GEZ Gesetz fir Befreiung als Härtefall. Déi rout markéiert Punkte mussen nach selwer ausgefëllt ginn.

Mat dem Aschécke vum GEZ Ziedel , dem CEDIES Certificat an dem Bréif sollt et méiglech sinn sech vun der GEZ befreien ze loossen.

Dir musst des Befreiung all Semester ufroen, soss gitt dir nees opgefuerdert de Bäitrag ze bezuelen. No der éischter Befreiung soll et laut verschiddene Réckmeldunge souguer méiglech sinn, dat ganzt online auszeféieren. Heifir musst dir nees wei uewe beschriwwen den Ziedel vun dem CEDIES ufroen, dëse scannen an da folgend Schrëtt ënnerhuelen :

  • Op dëse Site goen : https://www.rundfunkbeitrag.de/buergerinnen_und_buerger/formulare/kontakt/index_ger.html
  • Do op "eine Frage zu meinem Beitragskonto stellen." klicken
  • Är perséinlech Donnéen afellen, a Beitragsnummer net vergiessen
  • Am Feld "Ihre Nachricht" kuerz erklären dass dir hinne wei lescht Semester déi néideg Dokumenter fir d'Befreiung heimatter géift zoukomme loossen.
  • Am Feld "Datei anhängen" de gescannte Formular vum CEDIES eroplueden, an d'Ufro ofschécken.

Et wier wichteg fir eis ze wëssen op dëst bei jidderengem klappt, dofir géife mir eis iwwer eng kuerz Réckmeldung freeë wann dir iech Online befreie konnt loossen.

Sollten et nach ëmmer Problemer ginn, kann een sech gären un eis wende mir wäerte weiderhin an dem Dossier aktiv bleiwen, och mat der Hoffnung dass sech all Studenten an net nëmmen déi mat enger Bourse Sociale kënne vun der GEZ befreie loossen.

Dokumenter:

Neiegkeeten vu Studenten fir Studenten

Abonnéier den ACEL Newsletter. Du kanns dech zu all Moment ausdroen.