Blog

15.02.2017 20:00

Relais pour la vie 2017

Team ACEL leeft och dëst Joer erëm beim Relais pour la vie mat.

Wei an deene Jore virdrunner huet d´ACEL och 2017 eng Equippe um Relais pour la vie ugemellt. Eng 40 Leefer lafen ënnert dem Numm vun der ACEL, 24 Stonne beim Laf géint de Kriibs a setzen domadder en Zeeche vu Solidaritéit. D´Equipe vun de Coureuren ass aus deene verschiddene Membercerclen zesummegestallt.

De Relais 2017, organiséiert vun der Fondatioun Cancer, start den 1. Abrëll um 18h30 mat der Erëffnungszeremonie, fir da Leefer pünktlech um 20 Auer starten ze loossen. Gelaf ginn insgesamt 24 Stonnen a soumadder ass den 2. Abrëll um 20 Auer Schluss.

Wann s du och Loscht hues am Team ACEL matzelafen kanns de dech hei umellen.

Neiegkeeten vu Studenten fir Studenten

Abonnéier den ACEL Newsletter. Du kanns dech zu all Moment ausdroen.