Après-Ski Party

24.03.2017 15:00

Après-Ski Party

Déi alljährlech Après-Ski Party vum Friblëtz war och am Joer 2017 een vollen Succès.

Samschdes, den 4. Mäerz 2017 huet déi alljährlech Après Ski Party vum Friblëtz am Centre Fries zu Fribourg stattfonnt. Am Nomëtteg huet sech den Comité getraff an huet ugefaangen déi zwou Baren baussen am Gaart an bannen opzeriichten, an alles prett zemaachen fir d’Party. Et gouf een Grill deen, zur Verfügung gestallt an wou een sech selwer konnt eppes grillen. Desweideren huet den Comité eng Rei un Longdrinks wéi Vodka-Lemon, Vodka-Cranberry an vill aner Saachen ugebueden. Donieft natierlech och Béier, Shoten an Softdrinks. Um 16 Auer huet d’Soirée baussen am Gaart mat enger Happy Hour, wou alles 1CHF méi bëlleg verkaf ginn ass, ugefaangen. Dës huet bis 18 Auer gedauert. Desweideren krut jiddereen een Gratis Welcome-Shot wann en een Schi-Accessoire un hat, wéi zum Beispill en Schibrëll oder den Skihelm. Géint 18 Auer sinn mir eran an den Centre Fries selwer gaangen an hunn do eis Party weidergefouert, wou den DJ Kiko, wéi och schonn d’lescht Joer fir eng flott Ambiance an eng gutt Stëmmung gesuergt. Am ganzen waren 78 Leit op den Intercercle komm an hunn mat eis en flotten Owend verbruecht. Géint hallwer 1 sinn d’Leit Heem bzw. weider op den Tour gaangen. Am groussen ganzen war et en gelongen Owend mat gudder Stëmmung, wou een nei Leit kennen geléiert huet an awer och al Frënn, wéi zum Beispill fréier Studenten déi op Besuch komm sinn, konnt erëm gesinn.

Neiegkeeten vu Studenten fir Studenten

Abonnéier den ACEL Newsletter. Du kanns dech zu all Moment ausdroen.



Mat klick op "Fäerdeg" bestätegs du, dass du mat eisen Datenschutzerklärungen averstanen bass an mir dir Mailen schécken dierfen bis du dech erëm vum Newsletter ofmells.