Blog

19.03.2017 15:33

Registre des Titres & Taxe d'Homologation

Et ginn eng Rei Ännerung beim Androen vun Diplomer am Registre des Titres a bei der Taxe d'Homologation.

Registre des Titres:

  • Diplomer, déi zu Lëtzebuerg, an der Belsch oder an Holland (Benelux) ausgestallt goufen, mussen net méi an de Registre des Titres agedroe ginn, vu datt dëst automatesch geschitt. Et ass deemno keng weider Demarche néideg.

  • Diplomer, déi an engem anere Land ausgestallt goufen (Däitschland, Frankräich, ...) mussen an de Registre agedroe ginn. Dëst kascht 75€. Ausserdeem ass den administrativen Opwand reduzéiert ginn. Opgrond dovu misst all Diplom bannent 1-2 Wochen agedroe sinn.

  • D’Androe vum Diplom ass obligatoresch, falls en den Titel well offiziell droen. Ausserdeem ass et obligatoresch fir Léit, déi wëlle bei der Fonction Publique schaffen. Deemno sinn och déi Léit dozou verflicht, déi wëllen de Proffekonkuer matmaachen. D'Proffekandidaten sinn zousätzlech dozou verflicht, souwuel hire Bachelor wéi och hire Masterdiplom anzedroen. Taxe vu 75€ muss an dem Fall zwee mol bezuelt ginn. An all anerem Fall ass d’Androen net obligatoresch.

Dëst kënnt dir beim Ministère noliesen. Do ass och opgezielt, wéi eng Dokumenter fir dës Prozedur mussen eragereecht ginn:
http://www.mesr.public.lu/enssup/registre_des_titres/index.html

Taxe d’Homologation

  • Eng Homologatioun vum Diplom ass just nach fir Diplomer am Droit, déi am Ausland gemaach gi sinn, noutwenneg. Dës kascht 125€. All aner Diplom muss net méi homologéiert ginn. Eng Ausnahm gëllt just nach fir Diplomer an der Medezin, Veterinaire, Zänndokter oder Pharmacie, déi an engem Land ausserhalb vun der EU gemaach gi sinn. Dës musse fir d’éischt an engem Memberland vun der EU homologéiert ginn, ier se dann zu Lëtzebuerg homologéiert ginn. Eng direkt Homologatioun zu Lëtzebuerg ass net méiglech.

All dëst kënnt dir ënnert folgendem Link noliesen:
http://www.mesr.public.lu/enssup/homologations/index.html

Dës Weidere ginn et eng Rei Sonderregelunge fir jee no Ofschloss fir d'Professions de Santé. Déi ganz Lescht mat de betraffenen Diplomer fannt dir op:
http://www.mesr.public.lu/enssup/reconnaissance_sante/index.html

P.S.: Wann's du däin Diplom am Droit am Ausland gemaach muss en homologéiert ginn. Fir zougelooss zum Barreau ze ginn als Avocat avoué muss een de CCDL maachen. Duerch d'Packe vun dem Examen ass d'Androen an de Registre hifälleg, vu datt de CCDL iwwert dem Registre steet. Falls een an engem Betrib als Affekot schafft an net vu Gericht prozesséiert, kann een sech an de Register androe fir sech Jurist ze nennen. An all anerem Fall mëscht et kee Sënn, den Diplom androen ze loossen. Et ass dann awer net méiglech als Affekot e Prozess viru Gericht ze feieren.
Wann een sech awer dofir entscheet, den Diplom androen ze loossen, da sinn dat 2 onofhängeg Prozeduren. Dat heescht, datt béid Demarchë musse separat ugefrot ginn, an deemno och alle béid mussen eenzel bezuelt ginn.

Neiegkeeten vu Studenten fir Studenten

Abonnéier den ACEL Newsletter. Du kanns dech zu all Moment ausdroen.