Blog

15.03.2017 19:32

SKI-Weekend CELB 2017

Traditionellen Ski-Weekend organiséiert vun den Bréisseler Studenten. Et ass 10 Deeg an d'Schwäiz, fir méi genau op Veysonnaz gaangen.

Freides goung et Owes spéit vu Bréissel aus, mat engem Tëschestopp op der Aire de Capellen, lass a Richtung Veysonnaz an d'Schigebitt ‘’les 4 Vallées’’. Am Preis matdrann waren de Schipass, de Logement an de Residencen (vu minimum 4 a maximum 12 Léit) den Transport mam Bus, All-Inclusive Gedrénks an der Disko a verschidden Aktivitéiten all Dag abegraff.
Déi ganz Woch iwwer konnten d’Studente vu schéinem Wieder a gudde Pistë profitéiere fir sech vun hiren Examen ze erhuelen, respektiv fir eng kleng Paus an der Virbereedung op hier Examen ze maachen. Weiderhi goufen Aktivitéite wei en ‘’Banana Slalom’’, en Big Air, en Dîner Savoyard a Kombinatioun mat enger Fakeloffahrt, en Santa Claus Run a souguer Waasserschi uewen um Bierg organiséiert.
Wei et sech an enger Schivakanz gehéiert gouf no engem laangen Dag Snowboarden a Schifueren dunn och deen een oder anere Patt um Après-Ski bei gudder Musek gedronk. Nom Après-Ski gouf op deene jeeweilegen Zëmmeren zesumme giess an nei Energie getankt, ier et dunn ganz nom Motto ‘’Nom Après-Ski ass virun der Disko’’ mat Partië Beerpong a Flipcup, fir déi sech zäitweis bis zu 50 Léit an enger Residence getraff hunn. Weider goung et dunn an d’Disko déi mat verschiddenen Themenowenter wéi enger Animals-Party oder enger 80’s-Party, sou wei mat international bekannten DJ’en wei dem Kid Noize an den Tez Cadey ze iwwerzeege wousst. No enger flotter Woch mat enger super Ambiance a villen néie Bekanntschaften hunn d’Studenten sech dunn Samschdes, de 4. Februar op den Heemwee gemaach.

Neiegkeeten vu Studenten fir Studenten

Abonnéier den ACEL Newsletter. Du kanns dech zu all Moment ausdroen.