Relais pour la Vie 2017

03.04.2017 18:56

Relais pour la Vie 2017

Den 1. an 2. Abrëll hunn sech Leefer aus dem ganze Land an der Coque Rendez-vous gi fir en Zeeche vu Solidaritéit ze setzen a sinn dobäi jeeweils 24 Stonne gelaf.

Och dëst Joer huet ACEL erëm eng Equipe ugemellt, déi aus Leefer aus deene verschiddene Studentencercele bestanen huet.

D’Fondatioun Cancer ass den Organisateur vun dësem Laf, woubäi 2017 schonn déi 12t Editioun stattfonnt huet. D’Fondatioun organiséiert dëst Evenement mam Ziel en Zeeche vu Solidaritéit géigeniwwer kriibskranke Leit ze weisen. D’Suen ,déi duerch d´Cotisatioun vun all Equipe an duerch Spenden erakommen, gi genotzt fir d’Fuerschung géint de Kriibs ze förderen.

Am Dezember hat d´ACEL dann och schonn den Tournoi de Noël organiséiert woubäi d´Halschent vum Profit, deen duerch de Verkaf vu Gedrénks gemaach ginn ass, och am Kader vum Relais pour la Vie 2017 gespent. Am Februar ware mer dunn bei der Fondatioun Cancer fir hinne kennen de Montant vun 2717,12 € ze iwwerreechen.

Mer soen op dësem Wee de Leit vum Tournoi de Noël an de Leefer vum Relais pour la vie 2017 Merci, dass si sech mat eis géint de Kriibs agesat hunn.

Neiegkeeten vu Studenten fir Studenten

Abonnéier den ACEL Newsletter. Du kanns dech zu all Moment ausdroen.



Mat klick op "Fäerdeg" bestätegs du, dass du mat eisen Datenschutzerklärungen averstanen bass an mir dir Mailen schécken dierfen bis du dech erëm vum Newsletter ofmells.