Route du Vin '17

02.04.2017 19:28

Route du Vin '17

D'ALUS huet och dëst d'Joer nees op hiren traditionellen Intercerlce, d'Route du Vin invitéiert. Och dës Editioun war nees een totalen Succès.

D'Treffpunkt war wie gewinnt beim Colisée. Während dem Waarde krut jidderee schonn ee klenge Souvenir an de Grapp gedréckt, en Glas mat enger flotter Gravure: „Route du vin 2017“.
Wéi jiddereen ukomm war, ass d'Rees mat engem flotte pinke Bus weider gaang. Doduerch huet een dann och direkt gemierkt, dass d’ALUS eng nei Presidentin huet.

Dat éischt Ziel fir Moies war d’Kellerei Robert Blanck zu Obernai. D’Joffer vum Haus, d’Pauline, huet den Studenten zu Obernai empfaangen an eis eng kleng Féierung duerch de Kellerei gemaach. Ganz passionéiert huet si hinnen immens vill Informatiounen iwwert d’Wëntzerhandwierk ginn. D’Stëmmung war sou frei moies schonn richteg gutt an ass mat all Degustatioun nach besser ginn.

Sou lues huet sech dann och ee Gefill vun Honger am Grupp breet gemaach, dofir ass d'Rees weider op Ribeauville an d’Auberge "au Zahnacker" gangen. Als Entrée gouf et eng Zalot, dono Geschnëtzeltes mat Spëtzelen an als Ofschloss e leckert Stéck Taart. Och de Wäin beim iessen huet jidderengem geschmaacht. Traditionell gouf dann och éier d'Rees wieder gaangen ass, den Dësch an d’Luucht geholl.

Mëttes stoung d’Kellerei "Vin d’Alsace Horcher" um Programm. An dëser Kellerei gouf eng kleng Visite vum Wäikeller gemaach. An der Degustatioun waren ënner anerem een elsässesche Cremant, ee Pinot Blanc an e Gewürztraminer. Déi hunn, ewéi net anescht ze erwaarden, dem Grupp och gutt geschmaacht.

Als Ofschloss gouf decidéiert zeréck op Ribeauville ze fuere fir dono nach e bëssen d’Stad ze kucken an d’Sonn ze genéissen. Déi eng hunn sech nach den een oder aneren op enger Terrasse gegënnt, anerer hunn profitéiert an eng Glace giess an der Sonn.

Géint 18 Auer sinn mer dann nees an Richtung Stroossbuerg gefuer. Stëmmung war de ganzen Dag iwwer super an Owes gouf et dunn och nach een gudden Maufel ze iessen.
D'Editioun 2017 war neess een Succès.

Neiegkeeten vu Studenten fir Studenten

Abonnéier den ACEL Newsletter. Du kanns dech zu all Moment ausdroen.



Mat klick op "Fäerdeg" bestätegs du, dass du mat eisen Datenschutzerklärungen averstanen bass an mir dir Mailen schécken dierfen bis du dech erëm vum Newsletter ofmells.