Ugly Skiing Day zu Innsbruck '17

24.04.2017 21:46

Ugly Skiing Day zu Innsbruck '17

Den LSI huet op säin éischten Ugly Skiing Day Intercerle invitéiert.

Den zweeten Weekend am Abrëll stoung ganz am Zeechen vum Intercercle zu Innsbruck. Eng gutt 60 Leit aus ronn 10 verschidden Studentestied hunn den wäiten Wee ob sech geholl fir un dëser eemoleger Première Deelzehuelen.

D´Haaptstad vun den Alpen ass bekannt fir hiert exzeptionellt Bierg Panorama, an wie konnt et och anescht sinn, hat den Intercerlce vun Innsbruck och eppes mam Wantersport ze dinn. Mee och ouni Skier an Snowboard konnt een sech ob den Wee man fir sech een flotten Weekend mat al bekannten Studienkollegen ze man.

Dat ganzt ass Freides den 7 Abrëll lass gaangen, wou mir eis zesummen am Stiftskeller, engem  Restaurant an der Innsbrucker Alstad mat traditionell eistreischer Kichen, getraff hunn wou mir den Leit no hirer laanger Rees een deftegen Menü offréiert hunn. Bei Schnitzel, Gröstl, Käsepätzle & Apfelstrudel sin mir gemittlech an den Weekend gestart.

Samstes war et dunn sou weit, den Ugly Sking Day stoung um Programm an fir och net eng Minutt vun dem Spektakel ze verpassen hunn mir eis Moies frei getraff fir zesummen mam Bus an d´ Skigebiet Axamer Lizum ze fueren. Endlech ukomm goung et och schonns lass! Ob Retro, Einhorn oder einfach just ellen, alles huet sech em eng grouss Bad Taste Party gedreint. Mat vereckten Kostümer an enger deementspriechender  Stëmmung sinn d´Leit d´Pisten erofgefuer. Mee och déi ouni Skier sinn ob hier Käschten komm, Uewen ob der Alm hunn DJ´en derfir gesuergt dass Leit bei herrlechem Wieder feieren konnten.

Mee mat enger animéierter Offahrt an den Dall war et nach net gedoen, och ënnen ass Party wieder gaangen bis och déi letzt Sonnestralen fort waren. Owes um 8 dunn den Schock wou mir gewuer gi sinn dass eis Busfirma deen falschen Grupp matgeholl hat, an mir um Bierg fest souzen. Mat enger decker Stonn Verspeidung sin sie eis schlussendlech trotzdem sichen komm, an hunn eis zréck op Innsbruck gefouert.

No engem ustrengenden Ugly Skiing Day war een gemittlechen Metten beim Inn genau dat richtegt fir den  Weekend Revue passéieren ze loossen. Fir Snacks an Gedrénks war gesuergt an och di eng oder aner Partie Béierpong goufen gespillt. Bei herrlechem Wierder an Mëtt 20 Grad Ufank Abrëll wor dëst deen perfekten Ofschloss vun dëser éischter Editioun.

Neiegkeeten vu Studenten fir Studenten

Abonnéier den ACEL Newsletter. Du kanns dech zu all Moment ausdroen.



Mat klick op "Fäerdeg" bestätegs du, dass du mat eisen Datenschutzerklärungen averstanen bass an mir dir Mailen schécken dierfen bis du dech erëm vum Newsletter ofmells.