BBQ Balelec

20.05.2017 11:30

BBQ Balelec

Den Cercle vun Lausanne huet hiren éischten Intercercle mat voll Erfolleg organiséiert. Der Editioun 2018 steet also näischt am Wee.

Den 12. Mee war et endlech esou wäit: D'Avant vum Balelec organiséiert vun der AELL.

Leider huet d’Wieder hinnen bëssen een Stréch duerch d’Rechnung gemaach, dofir hunn Sie nach am leschten Moment Zelter missten organiséieren fir den Owend dreschen ze verbréngen. Trotz dem Wieder, si d’Leit awer ugelackelt ginn duerch den Béier, den Kascht an natierlech och déi immens Platz ënnen um Séi mat Vue op d’Bierger. Kuerz no 6 Auer sinn déi éischt vun den Lausanne Studenten eragetrollt komm, an zur grousser Freed vum Cercle, och vill nei Gesiichter gesinn. Vill Studenten sinn Sie aus aneren Stied besichen komm, dëst waren haaptsächlech déi Zürecher, Fribourg’er an déi Münchener. Den Béier ass gutt gefloss, Musek ass gelaf an den Grill gouf ugeheit. Geit hallwer 9 waren déi éischt Wippercher prett mais fir déi Vegetaresch Frënn haten Sie natierlech och gesuergt. Ausserdeem gouf et nach eng rei Zaloten sou dass fir jiddereen eppes dobäi war. Och nom Iessen, war d’Ambiance nach ëmmer immens, mir hunn vill gelaacht, et sinn vill Fotoen gemaach ginn an ech géing mengen dass alleguerten en flotten Owend um Séi haaten. Um 11 Auer huet dunn och jiddereen gehollef anzepaken an ze raumen fir dass jiddereen mat Zäiten konnten weider op den Balelec Festival goen.

Neiegkeeten vu Studenten fir Studenten

Abonnéier den ACEL Newsletter. Du kanns dech zu all Moment ausdroen.



Mat klick op "Fäerdeg" bestätegs du, dass du mat eisen Datenschutzerklärungen averstanen bass an mir dir Mailen schécken dierfen bis du dech erëm vum Newsletter ofmells.