Master-Programm fir zukünfteg Architekten

04.05.2017 10:27

Master-Programm fir zukünfteg Architekten

D'Uni Lëtzebuerg bitt ab September en neie Master an der Architektur mat engem spezielle Fokus op europäesch Urbaniséierung a Globaliséierung.

Eng eenzegaarteg Approche zur Architektur an Urban Design

Den zweejärege Programm, deen op Englesch enseignéiert gëtt, kombinéiert eng traditionell Architektenausbildung mat engem méi spezifesche Contenu ronderëm dräi Haaptthemen: Architektur, europäesch Urbaniséierung a Globaliséierung.

De Master-Programm gesäit Architektur net als eng statesch Disziplin, mä als e professionelle Beräich, an deem d’Acteuren konstant Ännerungen – ob demographesch, politesch, sozial, ekologesch, kulturell oder technesch - antizipéiere mussen.

„Design geet Hand an Hand mat Fuerschung an de Prinzip vum Master-Programm sträicht d'Relatioun tëschent Design duerch Fuerschung a Fuerschung duerch Design ervir“, erkläert de Florian Hertweck, Professer fir Architektur an Directeur des études vum neie Programm, seng Visioun vun enger Architektenausbildung. „Mir ënnersichen, wéi d'historesch, sozial, politesch an ekologesch Impakter vun der Urbaniséierung a Globaliséierung d ‘Architektur an urban Entwécklunge beaflossen. Mir leeë besonnesch Wäert op eng Architektur an en Urbanismus am europäesche Kontext, dee virun allem duerch d'Koexistenz vun historescher Bausubstanz an nei Interventioune beaflosst gëtt, mä och duerch verschidde politesch Linnen an Administratiounen op kommunalem a regionalem Plang“, seet de Professer Hertweck.

D’Studenten ginn encouragéieren, mat Studenten aus anere Fakultéiten zesummenzeschaffen, fir synthetesch Resultater aus der Siicht vum Design ze entwéckelen. De Master-Programm huet eng ganz besonnesch interdisziplinär Identitéit, déi e vun anere Studieprogrammer an der Architektur ënnerscheet. Dës Approche ass néideg, fir d'komplex sozial, wirtschaftlech an ekologesch Erausfuerderungen am Zesummenhang mat der Globaliséierung unzegoen an d’Studenten op d'Erausfuerderunge vun hirem spéidere Beruff virzebereeden.

E Curriculum, deen aner Disziplinnen uschneit

D'Course bidden eng Ausbildung a ville verschiddene Beräicher, ë. a. urban Ekonomie, nohalteg Transportsystemer, Energieeffizienz vun der bebauter Ëmwelt, Landschaftsarchitektur, mä och modern an zäitgenëssesch Geschicht an -theorie vun der Architektur an der europäescher Stad.

Weider wäerte verschidde Seminarer ugebuede ginn zu Theme wéi: technesch Aspekter, Gesetzer a Bestëmmungen am Zesummenhang mat der bebauter Ëmwelt grad wéi iwwer Architektur kommunizéieren an Architektur kuratéieren.
Den Design-Studio ass de wichtegsten Deel vum Programm. All Design-Studio wäert sech op aner Aspekter konzentréieren. Während der éischter Projetsaarbecht wäerten d'Studente sech op analytesch Tools a Fuerschungsaspekter op europäeschem a weltwäitem Plang konzentréieren. Urban a landschaftlech Aspekter sinn d'Thema vun der zweeter Projetsaarbecht, déi drëtt betrëfft raimlech, strukturell an technesch Kompetenzen.

Iwwert de Master an der Architektur

  • 4 Semester (120 ECTS) – Vollzäit
  • Max. 36 Studente ginn ugeholl
  • Frais d'études: 500 € / Semester
  • Sprooch: Englesch
  • Umeldung: ab dem 1. Februar 2017
  • Delai fir Umeldungen: 30. Abrëll 2017 fir net-europäesch Studenten; 30. Juni 2017 fir europäesch Bierger

Directeur des études
Prof. Dr. Florian Hertweck
T. +352 / 46 66 44-9801
florian.hertweck@uni.lu

Administratrice vum Programm
Sara Volterrani
T. +352 / 46 66 44-9516
sara.volterrani@uni.lu

www.masterarchitecture.lu

Neiegkeeten vu Studenten fir Studenten

Abonnéier den ACEL Newsletter. Du kanns dech zu all Moment ausdroen.



Mat klick op "Fäerdeg" bestätegs du, dass du mat eisen Datenschutzerklärungen averstanen bass an mir dir Mailen schécken dierfen bis du dech erëm vum Newsletter ofmells.