Réckbléck: Student fir 1 Dag

14.05.2017 21:47

Réckbléck: Student fir 1 Dag

De Student fir 1 Dag 2017 war erëm ee groussen Erfolleg.

Während zwou Wochen an der Ouschtervakanz hate mir eng 227 Schüler déi un eisen Dagesreesen a verschidden Universitéitsstied deel geholl hunn. Mat Hëllef vun eisem Partner Voyage Emile Weber si mir zesumme mat de Schüler iwwer 2000 Kilometer gefuer, fir 10 verschidden Universitéitsstied ze entdecken. Eis Schüler, déi aus 25 verschidde Lycéeë kommen, kruten op der Platz vun de Studenten aus eise Cerclen ee flotte Programm gebueden. Am Virdergrond stoung natierlech d'Visitte vun deenen insgesamt 14 Universitéite mat de wichtegste Gebaier um Campus, ewéi d’Bibliothéik, d’Hörsäll oder d’Administratiouns-Gebaier. Natierlech war Rondgang an der jeeweileger Staat net ze verdenken. Mir soen eise Cerclen Merci, dass Sie bei der Editioun 2017 matgemaach hunn an hoffen op hir Ënnerstëtzung am Joer 2018.

Neiegkeeten vu Studenten fir Studenten

Abonnéier den ACEL Newsletter. Du kanns dech zu all Moment ausdroen.



Mat klick op "Fäerdeg" bestätegs du, dass du mat eisen Datenschutzerklärungen averstanen bass an mir dir Mailen schécken dierfen bis du dech erëm vum Newsletter ofmells.