Swisscup'17

03.05.2017 10:06

Swisscup'17

3 Sportarten an 3 Gewënner !

Den 1. Abrëll 2017 huet den Swisscup zu Fribourg an der Sportshaal St Croix stattfonnt. Dëst as dat traditionnellt an alljährlecht Sportsturnéier wat tëscht dem Friblëtz, der AELL an dem LSZ stattfënnt. Déi drei Cerclen sin dëst Joër zesummen komm an sin géindeneen an 3 Sportarten ugetrueden. Moies huet et ugefangen mat Caffi, Croissanten, Friichten an Orangenjus an dunn goung et och schonns lass mam Sport. Als éischt ass Fussball gespillt ginn, wou den LSZ d’Coupe gewonnen huet. Duerno as d’Mettesiessen zervéiert ginn, d’Auswiel bestoung aus Spaghetti Bolognese an Spaghetti Veggie. Nomëttes goung et dann weider mam Basketsballturnéier, wou zum Schluss d’AELL déi woren déi gewonnen hunn. Als lescht wor dann Volleyball drun, wou d’Friblëtzer an der Final d’Coupe fir sech konnten gewannen. Den ganzen Dag iwer wor eng gudd Stëmmung, fir déi och d’Supporter vun den jeweilegen Cerclen gesuergt hun an och d’Sportler hun sech gudd amuséiert. Duerno konnt een nach en Patt un der Bar huelen an et hun nach Beerpong Turnéieren stattfonnt, wou d’Sportler an d’Supporter vum Nomëtteg zesummen gespillt hun. Als Ofschloss sin déi drei Cerclen zesummen an d’Brasserie le Commerce gangen an hunn do den flotten Dag bei engem Béier an guddem Iessen auskléngen gelooss.

Neiegkeeten vu Studenten fir Studenten

Abonnéier den ACEL Newsletter. Du kanns dech zu all Moment ausdroen.



Mat klick op "Fäerdeg" bestätegs du, dass du mat eisen Datenschutzerklärungen averstanen bass an mir dir Mailen schécken dierfen bis du dech erëm vum Newsletter ofmells.